Home LB D’Spill mam Feier: Teaser (an Opruff)

D’Spill mam Feier: Teaser (an Opruff)

by Christophe Froehling

D’Spill mam Feier? Kommt, mir schwätzen driwwer!

A leschter Zäit ass nees vill rieds doriwwer, ob a wéi sech de Populismus zu Lëtzebuerg manifestéiert. Virun allem d’Affär ronderëm de Post vun der Sylvie Mischel (ADR) huet de Steen erëm un d’Rulle bruecht.

Satiriker wéi RAD – Rietsaussen Dëlpessepartei, Eemol de Mount oder och Memes bis zum Weltraumkommunismus leeën de Fanger op eng pointéiert Manéier an d’Wonn. Engagéiert Blogger, dorënner de Maxime Weber, Vérité en Détresse an yours truly, souwéi divers Medienhaiser beriichte scho laang vun de populisteschen Tendenzen zu Lëtzebuerg.

Dowéinst hunn ech mer iwwerluecht, fir mol zur Ofwiesslung e Video zu deem Thema ze maachen. Vue datt de Maxime schonn an engem Video de Fokus op d’Plainte als Aschüchterungsmëttel geluecht huet, soll et bei mir éischter ëm d’Ëffentlechkeetsstrategie goen. En allgemengt Skript steet schonn, mä ech géif gäeren ären Input mat abannen:

Wat géingt dir iech an dësem Video wënschen?
Wat fir Aspekter missten onbedéngt behandelt ginn?

An dat Allerwichtegst:
Sidd dir der Meenung, dass Populisten zu Lëtzebuerg Fouss faassen, resp. faasse kënnen?

Schreift mer är Virschléi entweder per E-Mail u contact(at)chrisfroehling.de, via Facebook, Twitter oder iwwert de Kontaktformular. Ech freeë mech op är Iddien.

Wann alles gutt geet, kënnt der iech de Video vläicht nach dëse Weekend ukucken. Op menger Facebooksäit halen ech iech ëmmer um neiste Stand.

You may also like

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.