Home Dossier Lëtzebuergesch Mat “Schnëssen” d’Fërderung vun der Sprooch virundreiwen

Mat “Schnëssen” d’Fërderung vun der Sprooch virundreiwen

by Christophe Froehling

“Schnëssen” seet Merci fir 1.000 Liken op Facebook. Zur Feier vum Dag kucke mir eis un, firwat är Sprooch an der Fuerschung sou nëtzlech ass a wat iwwerhaapt hannert dem ganze Konzept stécht.

Wéi nennt dir eigentlech dat lescht Stéck vum Brout? Iesst der de Bord oder d’Kuuscht vun enger Pizza? Wéi heescht bei iech deen Apparat an der Kichen, deen äert Iesse frësch hält? Am Gespréich ginn et dach oft esou Momenter, wou ee beim Géigeniwwer e bestëmmt Wuert, eng Betounung oder eng Aussprooch feststellt, déi engem vläit net sou geleefeg ass.

Meng Frëndin an ech kënnen dovun e Lidd sangen. Heiansdo gerode mir am Gespréich mateneen op Wierder oder Aussproochen, déi fir Irritatioune suergen. Sou ass mir zum Beispill scho fréi opgefall, dass hatt deen uewe genannten Apparat Äisschaf nennt – virun allem a Situatioune bei der Famill. Ufanks war ech e bëssen irritéiert, housch dat Dénge fir mech dach ëmmer just Frigo. Ënnert engem Äisschaf  hätt ech éischter eng Killtruh verstanen. Dobäi muss een och umierken, dass hatt éischter aus dem Südweste kënnt, wärend ech gebiertege Stater sinn, deen an de Süde geplënnert ass. D’Villfältegkeet vun eiser Sprooch weist sech op ganz verschidde Manéieren. Ma esou Variante kënnen, wéi sou munneg aner Phänomener, regruppéiert an doropshi beschriwwen an analyséiert ginn.

D’Kartographéierung vun der Sprooch

Aus wat fir enge Variatioune setzt sech d’Sproochcommunautéit zesummen? Wou gi wat fir Wierder benotzt? Wat fir eng Lautung gëtt wou favoriséiert? Mat deene Froen huet sech de Georg Wenker am spéiden 19. Jorhonnert mam Bezuch op déi däitsch Sprooch auserneegesat. Konkret huet hie versicht, dat Däitscht mat senge Varianten a Variatiounen ze kartographéieren. Dowéinst huet de Linguist ab 1876 Froebéi un onzieleg Schoulmeeschteren aus dem däitschsproochege Raum geschéckt. Dee Froebou huet sech aus verschidde Sätz (dowéinst haut och “Wenker-Sätz”) zesummegesat, déi d’Enseignanten an hire regionalen Dialekt iwwerdroe sollten. D’Resultater goufen doropshin enger linguistescher Analys ënnerzunn, fir Gemeinsamkeeten an Ënnerscheeder erauszeschaffen. Esou huet sech am Laf vun de Joren e Sproochatlas entwéckelt, an deem zum Beispill Sproochraim vuneneen ofgegrenzt ginn. Nach bis haut profitéiert déi däitsch Sproochwëssenschaft vun dëser Fuerschungsaarbecht. D’Kaarte si mëttlerweil digitaliséiert an am Internet zougänglech.

Mat 40.000 Erhiewungsstanduerter deckt de Sproochatlas den däitsche Sproochraum op eng duerchaus detailléiert Aart a Weis of. Ma obwuel den Datesaz immens wäertvoll fir d’linguistesch Fuerschung ass, muss een d’Method och kritesch hannerfroen. Zwar erméiglechen déi vill Standuerter eng méi kloer Representatioun vun de Grenzen, mee et dierf een dobäi net vergiessen, dass d’Donnéeë selwer just indirekt, also net duerch d’Fuerscher, transkribéiert goufen. Genee sou problematesch ass och d’Transkriptioun u sech: D’Schoulmeeschteren hu sech gezwongenermoossen um däitschen Alphabet orientéiert, wat eventuell d’Aussprooch liicht verfälscht kéint hunn.

Fir d’Franséischt gouf eng aner Erhiewungsmethod gewielt. Fir den Atlas linguistique de la France huet de phonetesch geschoulten Explorateur Edmond Edmont (jo, ech weess, wéi ironesch den Numm ass) tëscht 1897 an 1901 eng direkt Transkriptioun op insgesamt 639 Plazen duerchgefouert. De groussen Avantage war dobäi ebe grad déi direkt Erfaassung duerch en Expert. Ma well d’Erhiewung “just” op e puer honnert Plaze konnt realiséiert ginn, gouf de Sproochatlas e bësse méi graff ausgeschafft.

Schnëssen: är Sprooch fir d’Fuerschung

Am Artikel zur Lëtzebuerger Sproochgeschicht hate mir jo festgehal, dass mir haut d’Lëtzebuergescht och als eegestänneg Sprooch kënne bezeechnen. Fir d’Fërderung vun der Sprooch virunzedreiwen, muss de Wee natierlech och iwwert d’Fuerschung goen. Tatsächlech feelt eis fir d’Lëtzebuergescht awer en iwwergräifenden Atlas. Genee deem Manktem wëll elo eng Ekipp vum ILSL, dem Institut fir d’lëtzebuerger Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni Lëtzebuerg, entgéintwierken. Si hunn eng App entwéckelt, déi d’Erhiewung vun enger grousser Mass u lëtzebuergesche Sproochdonnéeë vereinfache soll. Sou kann op déi eng Manéier direkt transkribéiert ginn, wéi dat den Edmont gemaach huet, an op déi aner Manéier erreecht een op ee Coup vill Spriecher, wéi dat de Wenker Wëlles hat.

Wéi funktionnéiert d’App?

Nodeems dir iech d’Schnëssen-App op ären Handy oder Tablet erofgelueden hutt, musst dir e puer Froen zu ärer Persoun beäntweren (z.B. Alter, Geschlecht, Sproochkompetenzen, wou dir opgewuess sidd asw.). Dës Aussoe si wichteg, fir zum Beispill erauszefannen, a wat fir Regiounen e Wuert méi dacks gebraucht gëtt. Duerno kënnt dir Sproochopname fir d’Fuerschung maachen. An der Reegel ginn iech Biller gewisen, déi op ee bestëmmt Wuert hindeiten. Dat Wuert, dat dir benotzt, sollt dir dann, ganz spontan a sou wéi dir et soss ëmmer sot, nom Tippen op de Mikro oder op “ophuelen” ausschwätzen. Wann iech eng Opnam net gelongen ass, kënnt der et ëmmer nach eng Kéier probéieren, andeems dir einfach nees op de Mikro oder op “ophuelen” tippt. Domat gëtt déi Opnam vu virdrun automatesch iwwerschriwwen. Heiansdo gëtt och e Saz ugewisen, deen dir sollt an d’Lëtzebuergescht iwwersetzen. De Prinzip ass awer deen nämmlechten. Doriwwer eraus kënnt dir och nach e weidere Froebou iwwert d’Sproochen zu Lëtzebuerg ausfëllen. Dat geet awer eréischt nodeems dir d’Daten zu ärer Persoun uginn hutt.

Selwer en Abléck an d’Fuerschung kréien

Déijéineg, bei deenen elo den Interessi un der Villfältegkeet vum Lëtzebuergeschen entflaamt ass, kënnen deem elo gerecht ginn. Eng interaktiv Kaart weist iech nämlech déi eenzel Opnamen, déi zu engem Bild oder Saz gemaach goufen, un. Sou kënnt dir op eng Lokalitéit erazoomen an iech ulauschteren, wéi verschidde Wierder do ausgeschwat ginn. Gläichzäiteg gëtt iech eng graff Alterskategorie vum Spriecher ugewisen, wat virun allem fir speziell Wierder besonnesch interessant ka sinn. Op hirer Facebooksäit verëffentlecht d’Ekipp, nieft diversen Nouvellen zum Projet, reegelméisseg hir Auswäertungen zu bestëmmte Wierder. Hei kënnt dir och heiansdo ofstëmmen, wat fir eng Bezeechnung als nächst soll gepost ginn.

Weider Linken zum Thema

Aktuell sinn d’Kaarte vum Däitsche Sproochatlas op der Plattform Regionalsprache.de – REDE ze fannen:
https://regionalsprache.de/

D’App kënnt dir ënnert dësem Link op ären Handy oder Tablet erofleden:
https://infolux.uni.lu/schnessen/

D’Facebooksäit vum Schnëssen-Projet informéiert iech reegelméisseg iwwer nei Erkenntnisser a Funktiounen:
https://www.facebook.com/Schnessen/

You may also like

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.