Home FT Petitioun 698: Lëtzebuergesch als éischt Amtssprooch?
petitioun 698 lëtzebuerger sprooch lëtzebuergesch

Petitioun 698: Lëtzebuergesch als éischt Amtssprooch?

by Christophe Froehling

Den 12. September gouf um offizielle Site vun der Chamber eng nei Petitioun fir Ënnerschrëfte fräigeschalt. Et geet ënnert anerem ëm d'Festleeë vum Lëtzebuergeschen als éischt Amtssprooch. Mee ass dës Fuerderung iwwerhaapt realistesch?

D'Petitioun Nr. 698 mam liicht ëmständlechen Titel Lëtzebuerger Sprooch als 1. Amtssprooch an Nationalsprooch gesetzlech fir all Awunner zu Lëtzebuerg festzeleeën gouf de 16. August vum Lucien Welter deposéiert. Méi genee geet et him ëm e Gesetz aus dem Februar 1984, dat sech mat den Amts- a Verwaltungssproochen zu Lëtzebuerg auserneesetzt. Et ass iwwregens genee dat Gesetz, vun deem behaapt gëtt, dass et d'lëtzebuerger Sprooch als solch legitiméiert hätt. Dëst Gesetz gëlt et, sou den Här Welter, ofzeänneren. Kucke mer eis emol seng Fuerderungen am Detail un.

Lëtzebuergesch als Schoulsprooch

Fänke mir mat engem Zitat aus dem offizielle Petitiounstext un:

[But de la pétition:] D’Lëtzebuerger Sprooch als 1. Amtssprooch an Nationalsproch gesetzlech fir all Awunner zu Lëtzebuerg festzeleeën an an de Schoulen zu Lëtzebuerg verstäerkt ze ënnerriichten an och als Schoulsprooch festzeleeën.

Zum éischten Deel vun dëser Fuerderung kommen ech nach méi spéit. De Moment soll eis just de schouleschen Aspekt interesséieren. Et gëtt verlaangt, dass d'lëtzebuerger Sprooch verstäerkt an der Schoul ënnerriicht soll ginn. Dat kléngt u sech nach nët sou schlecht. Wann een tatsächlech d'Weiderentwécklung vun enger Sprooch laangfristeg virundreiwe wëll, ass eng Implementatioun an de schoulesche Kontext praktesch onerlässlech. Wann eng Sprooch bis a Form vun Orthographiereegelen, Grammaire a Vocabulaire standardiséiert gouf, ass eng generell Uwendung vun dëse Reegelen e logeschen nächste Schrëtt. Historesch gesinn hu sech Sproochen neemlech virun allem verbreed, well se a Schoulen ënnerriicht oder am ëffentleche Raum gebraucht goufen.

Lo kënnt awer nach derbäi, dass d'lëtzebuerger Sprooch jo scho méi laang enseignéiert gëtt. Schonn zu ménger Primärschoulzäit gouf et d'Fach "Lëtzebuergesch", an deem Bicher an Texter op Lëtzebuergesch gelies goufen. Texter vum Roger Manderscheid oder vum Guy Rewenig. Wien awer schonn eng Kéier "Komba la Bomba", "Muschkilusch" oder "Libella Bitsch" gelies huet, mierkt séier, dass si et mat der Rechtschreiwung nët sou eescht huelen. Hir Texter si satiresch an no der einfacher "Schreiw wéis d'et schwätz"-Method geschriwwen, déi dozou féiert, dass et Wierder wéi "Turnhärlära" an den Text packen. Mëttlerweil huet sech dat awer geännert. Lëtzebuergesch Sproochkompetenze ginn am Fondamental lues a lues an eng méi reglementéiert Richtung. Lëtzebuergesch huet also scho méi laang Afloss op de Stonneplang. Et muss elo ebe just gekuckt ginn, wéi een d'Fach esou upasse kann, dass d'Sprooch och laangfristeg gefërdert gëtt. Genee dowéinst ass mir de Begrëff "verstäerkt ënnerriichten" en Dar am A. Och wann ech elo e bësse wéi e Sproocheprof kléngen: Déi Formuléierung ass mir ze vague. Wat heescht dann iwwerhaapt "verstäerkt ënnerriichten"? Heescht et, dass méi Stonnen am Horaire musse fonnt ginn? Soll d'Fach anescht organiséiert ginn? Oder geet et ëm eng méi héich Wäertung an der Zensur?

Deen zweeten Aspekt ass do scho méi konkret. Lëtzebuergesch soll als "Schoulsprooch" festgeluecht ginn. Offiziell wier dat eng sougenannte Verkéierssprooch (langue véhiculaire). Si beschreiwt, a wat fir enger Sprooch e Kuer ofgehal gëtt, de Moment meeschtens Däitsch oder Franséisch. Wann ech also d'Fach Physik op Franséisch halen, ass méng Verkéierssprooch Franséisch. D'Petitioun fuerdert elo, dass och d'Lëtzebuergescht als offiziell Verkéierssprooch festgesat soll ginn. Dat wier awer aus verschidde Grënn immens problematesch. Op där enger Säit feelt et dem Lëtzebuergeschen nach a ville Fachberäicher u Vocabulaire. Dat fält zum Beispill op, wa mir eis an der Bio, der Éco oder dem Droit beweegen. Mir léinen eis Wierder aus anere Sproochen, fir mat dësem Problem ëmzegoen. Alleng schonn duerch déi ongekläerte Fro vun der Funktionalitéit ass et schwéier, dës Fuerderung ze verteidegen. Op där aner Säit géif dat op laang Siicht der Multilingualitéit, enger vun eise wichtegsten Eegeschaften, déi mir zu Lëtzebuerg hunn, schueden. Virun allem doduerch dass mir vu Proffen dozou animéiert ginn, aner Sproochen ze benotzen, kréie mir jo grad Übung doranner.
Ausserdem géif et eis ëmsou méi schwéier falen, an engem friemsproochege Land e Fach ze studéieren. Vue dass mir a ville Fächer e franséischen oder däitsche Vocabulaire verënnerlecht hunn, fält et eis méi liicht, dat Fach am Ausland ze studéieren. Et misst ee sech mol virstellen, wéi dat wier, wa mir dëse Vocabulaire eréischt während dem eigentleche Studium verënnerleche missten. Wéi frustréierend wier dat, wann ee misst nodréiglech all déi Fachwierder op Franséisch oder Däitsch léieren, fir iwwerhaapt kënnen ze verstoen, wat gemengt ass - an dat obwuel ee jo scho mat der Matière vertraut ass?

Lëtzebuergesch als "offiziell Sprooch"

E weidert Uleies vun der Petitioun ass d'Aféiere vum Lëtzebuergeschen als éischt Amts- an Administratiounssprooch. Dat hätt, anescht wéi bei enger ähnlecher Propositioun (Petitioun Nr. 602 vum Januar 2016), nët en einfachen Impact op den ëffentleche Raum, mee generell op d'Schreiwe vu Gesetzestexter, Urteeler vun de Geriichter, offiziell Publikatiounen asw.

Dass all Administratioun fir hir Publikatiounen a Matdeelungen, sief et per Post oder per offizielle Communiqué, Lëtzebuergesch zu alleréischt benotzt soll ginn. [...] Dovunner ofgesinn soll dei franséisch Sprooch net méi vun der Regirung ausschliisslech als Amtssprooch benotzt ginn, och Uerteeler vun de Geriichter sollen op mannst op Lëtzebuergesch matgedeelt ginn.

Hei weist de Lucien Welter op eben dat scho genanntent groussherzoglecht Reglement vum Februar 1984 hin an zitéiert déi éischt zwee Artikelen:

Art. 1er - Langue nationale
La langue nationale des Luxembourgeois est le luxembourgeois.

Art. 2 - Langue de la législation
Les actes législatifs et leurs règlements d'exécution sont rédigés en français. Lorsque les actes législatifs et réglementaires sont accompagnés d'une traduction, seul le texte français fait foi.

Him geet et nët duer, dass hei ënnerscheed gëtt tëscht "Nationalsprooch" a "Legislatiounssprooch", well eng offiziell Sprooch eréischt da legitim wier, wa se vun der Regierung genotzt géing gi fir Gesetzer néierzeschreiwen oder mam Vollék ze kommunizéieren. Vum linguistesche Standpunkt hir ass dat iwwregens komplette Blödsinn. De Status vun enger Sprooch ass nët vun enger Regierung ofhängeg, mee vun der Sproochkommunautéit, déi dës Sprooch schwätzt.

Der Fuerderung entspriechend misst den zweeten Artikel geännert ginn, sou dass och d'Lëtzebuergescht op d'mannst eng vun de langues de législation ka sinn. Soumatt géif den zweeten Deel, neemlech dass déi franséisch Versioun ëmmer Virrang virun der Legislatioun huet, ewechfalen. Dat bréngt awer Schwieregkeete mat sech. Engersäits huet dat Franséischt schonn eng laang Traditioun vun enger Rechtssprooch. Si huet déi néideg Begrëffer a Formulatiounen, déi gebraucht ginn, fir kleng Nuancen an Ënnerscheeder an der Legislatur festzeleeën. Sou wäit si mir mat eiser Sprooch nach laang nët. Des Weidere géif dat ganzt ee groussen Iwwersetzungsopwand bedeiten. Et missten offiziell Traducteuren (ausgebild an) agestallt ginn, deenen et méiglech ass, d'Texter getrei der Virlag op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen. Ech wäert mech an engem kommenden Artikel méi genee mat dem administrativen Opwand beschäftegen. Doriwwer eraus dierf een nët vergiessen, dass wann et zweeërlee Gesetzestexter ginn, déi allebéid eng gläich Wäertung virum Gesetz hunn, et bei all Onstëmmegkeet an der Iwwersetzung zu Schlupflächer ka kommen.

Ausserdem sti schonn a genee dësem Reglement zwee weider nuancéiert Artikelen, déi d'Argumentatioun vum Lucien Welter entkräften:

Art. 3 - Langues administratives et judiciaires
En matière administrative, contentieuse ou non contentieuse, et en matière judiciaire, il peut être fait usage des langues française, allemande ou luxembourgeoise, sans préjudice des dispositions spéciales concernant certaines matières.

Art. 4- Requêtes administratives
Lorsqu'une requête est rédigée en luxembourgeois, en français ou en allemand, l'administration doit se servir dans la mesure du possible, pour sa réponse de la langue choisie par le requérant.

Lëtzebuergesch ass schonn eng administrativ Sprooch, déi gläichwäerteg ass mam Däitschen a mam Franséischen - souwuel aus administrativer, wéi och aus judikativer Siicht. D'Administratioune si souguer per Gesetz dozou verpflicht, dës dräi Sprooche gläichwäerteg ze behandelen a musse souguer op Ufroen an där Sprooch äntweren, an där d'Ufro gestallt gouf. Geriichtsverhandlunge ginn an der Reegel op Lëtzebuergesch ofgehal.
Wat elo d'Urteelsmatdeelung op Lëtzebuergesch ugeet, sti mer erëm virum albekannte Problem vum Vocabulaire. D'Lëtzebuergescht huet eben nach kee verbindleche Funktiolekt, dee sech mat der juristescher Deklaratiounsfunktioun auserneesetzt. Och hei behëllefe mer eis reegelméisseg mat Wierder aus anere Sproochen. Dofir brauch ee just e rezenten RTL-Artikel opzemaachen. Schnell fënnt ee Begrëffer wéi "op Sursis", "Requisitoire" oder "homicide involontaire". Genee aus deem Grond ginn d'Gesetzer jo op Franséisch verfaasst.

Kann een dann elo vum Lëtzebuergeschen als "offiziell Sprooch" schwätzen? (Ech wäert mech an engem aneren Artikel nach eng Kéier méi detailléiert mat dëser Fro befaassen, dofir hei elo mol d'Kuerzfaassung.) Vum linguistesche Standpunkt hir: Jo. Aus der momentaner juristescher Siicht de facto och. Genee dat ass et jo, wat am Reglement vun 1984 festgeschriwwe gouf. De Lucien Welter fënnt awer, dass d'Termen "Nationalsprooch" an "offiziell Sprooch" nët iwwerteneestëmmen, well se eng aner Bedeitung hätten:

Eng offiziell Sprooch (op däitsch Amtssprache) ass eng Sprooch, déi an engem Stat (oder engem Deel dovun) duerch d'Konstitutioun als déi Sprooch definéiert ass, an där d'Gesetzer geschriwwe sinn, an an där de Stat a seng Verwaltunge mat de Bierger kommunizéieren. Zu Lëtzebuerg gëtt et keng "offiziell" Sprooch: d'Lëtzebuerger Konstitutioun verweist op e Gesetz, mä de Législateur gebraucht am Gesetz iwwert de Sproochegebrauch just d'Termen Nationalsprooch, Gesetzessprooch a Verwaltungssprooch (quell. Wikipedia)

Do sinn e puer Wouerechten drun. Juristesch gesi gëtt et tatsächlech en Ënnerscheed tëscht Nationalsprooch an Amts- oder offiziell Sprooch. De Problem ass awer, dass sech zu Lëtzebuerg déi zwou Definitiounen iwwerschneiden. D'Nationalsprooch ass meeschtens vum Gesetz als solch festgeluecht. Bei eis ass dat jo Lëtzebuergesch, wéi dat am Artikel 1 steet. An der Amtssprooch gi Gesetzer geschriwwen. Dat ass bei eis Franséisch, sou steet et am Artikel 2. Weiderhinn ass eng Amtssprooch awer och déi Sprooch, an där mam Public kommunizéiert gëtt, souzesoen eng langue administrative. Genee dowéinst hu mer déi Nuancen an den Artikelen 3 a 4, an deem allendräi Sprooche virum Gesetz gläichgestallt ginn. Soumatt kann een also soen, dass d'Lëtzebuergescht eng vun deenen dräi gläichgestallten offizielle Sproochen ass, woubäi d'Franséischt, eben aus praktescher Siicht, just bei Gesetzestexter virgezu gëtt.

De Problem mat der Rechtschreiwung

Domatt si mer dann och scho beim nächste Punkt: der Orthographie. De Lucien Welter argumentéiert, dass et scho méi laang eng offiziell Orthographie vun der lëtzebuerger Sprooch géif ginn. Hie berifft sech dobäi op eng Annexe de Lien vun engem Arrêté ministériel vun 1975. Deemno wier seng Fuerderung legitim, et misst ee se just nach duerchsetzen. Dass dat awer nët sou einfach ass, mierkt een direkt, wann ee sech déi Annexe mol méi am Detail ukuckt. Alleng schonn d'Schreifweis bezitt sech op e Lëtzebuergescht vu viru 40 Joer an ass domadder op ville Plazen nët méi aktuell. (Mol dovun ofgesinn, dass als Beispill fir den haarte [g] "Neger" geholl gëtt.)  Scho ganz fréi heescht et zum Beispill:

Wou ee Vokaler duerch d'Nues schwätzt, kréien s'en Hittchen (Zirkumflex), soubal d'Wuert soss scho Lëtzebuerger Aschlag huet: Châmber, Cômbel, Cômptabel, êngagéieren, Mêmber, môntéieren, Tîmber, Zêntim

Während d'nasaléiert Vokaler nach plazeweis betount ginn, gi se an der breeder Ëffentlechkeet nët méi mat engem Hittche geschriwwen.

Mee och d'Artikulatioun vun der Sprooch huet sech am Laf vun deene läschte Jorzéngte verännert:

Nëmmen eemol a fir sech eleng steet de sonneren "n" tëscht onbetounte Firwierder. Wann d'onbetount Firwuert "en" (hien) hannerun "de" odder "se" (du, si onbetount) stoë kënnt, da musse mer en n dertëschent schwätzen. [...]

Hu se n en elo?
Kenns de n en erëm?

Allgemeng liest sech de Pabeier éischter wéi e Virschlag, nët wéi en offiziellt a verbindlecht Reglement.

Do schwätzt d'Reglement vum Juli 1999 schonn eng vill méi kloer Sprooch. Dat ass iwwregens och déi aktuellste Reform, déi sech mat der Schreifweis beschäftegt huet. D'Reegele kommen eiser momentaner Artikulatioun schonn e gudd Stéck méi no. Dat léisst op e gudden Ustouss fir weider Standardiséierunge vum Lëtzebuergeschen hoffen. Vun dëser Reform steet awer interessanterweis näischt am Text vun der Petitioun, wat dorop hiweist, dass de Lucien Welter sech nët allze vill Gedanke gemaach muss hunn, wou e seng Fuerderunge formuléiert huet. Fir een, dee sech angeblech esou leideschaftlech fir d'Aféierung vum "Lëtzebuergeschen als éischt Amtssprooch an Nationalsprooch" ausschwätzt, si seng Recherchen nët immens gudd. Dat erkläert och, firwat séng Proposen iwwerhaapt net duerchduecht an dowéinst onrealistesch sinn.

Dovun ofgesinn hu mer nach laang nët de Punkt erreecht, wou mer vun enger gemeinsamer Schreifweis kënne schwätzen. Dat misst jidderengem bewosst sinn, deen heiansdo op Facebook oder op lëtzebuergeschsproochege Medien ënnerwee ass. Wat hei awer virun allem vergiess gëtt, ass de Faite, dass d'Schreifweis just eng vun e puer Sailen ass, déi eng Sprooch ausmaachen. Mir kënnen eis nach sou gudd op eng gemeinsam Orthographie verstännegt hunn: Wann z.B. d'Semantik, d'Semiotik, d'Syntax an/oder de Vocabulaire nët eenheetlech sinn, huet eis Sprooch nach nët genuch Struktur, fir an allen iwwergräifende Beräicher ze funktionnéieren. Do hëlleft eis och d'Eifeler "n"-Reegel nët weider. Ier een also d'Lëtzebuergescht iwwergräifend als Legislatiounssprooch a Betruecht zitt, mussen ënnert anerem esou grondsätzlech Froe gekläert ginn.

Diskriminéierung vun de Lëtzebuerger an der EU

Zum Schluss geet de Petitiounstext nach eng Kéier dorop an, dass d'Lëtzebuerger Sprooch als eenzeg Sprooch nët am offiziellen Amtsblat vun der EU vertrueden ass an dass dat soumat eng Diskriminéierung duerstellt. Mat dëser Ausso wäert ech mech an engem aneren Artikel gesonnert auserneesetzen.

D'Fuerderungen um Préifstand

Sinn also elo d'Petitiounsfuerderunge realistesch a gerechtfäerdegt?
Wat d'Funktionalitéit vum Lëtzebuergeschen als éischt Amtssprooch ugeet scho mol nët. Eiser Sprooch feelt et nach u Struktur. Et géif scho vill hëllefen, wa sech d'Nationalt Sproocheninstitut mat der systematescher Reegelung vum Lëtzebuergesche géing befaassen. En éischte Schrëtt wier eng iwwergräifend Schreifweis, déi sech eben nët wéi e Virschlag liest, mee wéi eng Definitioun. Eréischt wa mir an alle Beräicher zu engem gemeinsamen Nenner komm sinn an d'Lëtzebuergescht all Viraussetzunge vun enger funktiounsiwwergräifender Sprooch erfëllt huet, kéint een esou een Uleies iwwerhaapt emol a Betruecht zéien. Ob dat dann och praktesch fir eis Gesellschaft wier, ass nach eng aner Fro.

Lëtzebuergesch als Nationalsproch fir all Awunner festzeleeën ass menger Meenung no egal a wat fir engem Fall nët legitim. Dat kéint et och nët an anere Länner ginn. Stellt iech vir, dir wunnt an Däitschland an dann heescht et "Hier wird Deutsch gesprochen". Wat mengt der wuel, wat do lass wier? Mir kënnen nët fir eng ganz Bevölkerung, déi zu 43 % aus Auslänner besteet, eng Sprooch festleeën, déi et ze schwätze gëlt.

Lëtzebuergesch als offiziell Schoulsprooch géif eis de Moment méi Problemer wéi Virdeeler bréngen. Dat bezitt sech souwuel op d'Funktionalitéit wéi och op d'Multilingualitéit, op déi mir zu Lëtzebuerg ugewise sinn. Mir sollten eis Multilingualitéit nët als emmerdant Bürd empfannen, mee als Méiglechkeet fir nei Iddien. All Sprooch, egal wéi kleng hir Kommunautéit, fungéiert als Schlëssel, deen eis d'Diere fir eng nei Gesellschaft mat neien Iddien opmécht. Wa mir eis anere Sprooche verschléissen, zéie mir eis zréck an eis 2.586 km², ginn erzunn, léieren, studéieren, schaffen an informéieren eis just zu Lëtzebuerg. An dat - fir et mat de Wierder vun engem lëtzebuerger Prof ze soen - wier "intellektuell Inzest".

Interessant Linken zum Thema:

Ech sinn op déi hei Zesummefaassung vun der lëtzebuergescher Orthographie opmierksam gemaach ginn. Si gouf vum Educatiounsministère zesummegestallt an ass immens iwwersiichtlech. Dowéinst kann ech jidderengem, dee mat System zur Standardiséierung a Fërderung vum Lëtzebuergesche bäidroe wëll, dës Brochure nëmme wäermstens un d'Häerz leeën:

http://www.men.public.lu/catalogue-publications/themes-transversaux/cen/cens/hellef-letzebuergesch-schreiwen/lu.pdf

De Fernand Fehlen, senges Zeeche Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg, bestätegt elo genee dat, wat ech hei am Artikel schonn thematiséiert hunn:

http://www.lessentiel.lu/de/luxemburg/story/Petition-698-ist-wirr-und-unrealistisch--13723402

You may also like

2 comments

Pol Wirtz 18th September 2016 - 12:17

2l2r
2long2read
Sproche sin a waren zu Letzeburg nach ni e wirklech wichtegen Thema.
Alles ass gudd !

Reply
Daniel 20th September 2016 - 11:01

Wat d’Schoulsprooch ubelaangt hunn ech eng Iddi, wat et bedeite kann. Wat mer nämlech en Dar am Aa ass, ass dass mer an der Primärschoul NET Letzebuergesch léieren. Déi geliesen Texter ginn nët duer. Alphabetiséierung soll ELENG op Lëtzebuergesch sinn an DONO soll réischt Däitsch a Franséisch geléiert ginn. Op Kee Fall an enger friemer Sprooch alphabetiséieren…

Reply

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.