Home Languages Nationalitéitegesetz: Wéi wichteg ass de Sproochentest?
nationalitéitegesetz sproochentest lëtzebuergesch

Nationalitéitegesetz: Wéi wichteg ass de Sproochentest?

by Christophe Froehling

Den neiste Sondage vun TNS-Ilres weist, dass sech eng Majoritéit vun de lëtzebuerger Wieler géint d'Vereinfachen vum Sproochentest stellt. 58% vun den Auslänner gesinn dat awer anescht. Wat schwätzt fir a wat géint e vereinfachte Sproochentest?

En Dënschden huet TNS Ilres d'Resultater vum neiste Sondage, deen d'Reform vum Nationalitéitegesetz thematiséiert huet, presentéiert. Dobäi huet sech eppes kloer erausgestallt: Während déi meescht Bierger sech geschlosse fir den Droit du sol staark maachen, ginn d'Meenungen zum Sproochentest dramatesch auserneen. Nëmme 26% vun de lëtzebuerger Wieler schwätze sech fir d'Vereinfachung vum Sproochentest aus, woubäi 58% vun den Auslänner, déi zu Lëtzebuerg gemellt sinn, d'Iddi vum vereinfachte Sproochentest begréissen. Wann een et am Kontext vun der aktueller Situatioun kuckt, ass d'Resultat nët immens iwwerraschend. An deene leschten 20 Joer hu sech d'Lëtzebuerger vill méi intensiv mat hirer Sprooch beschäftegt. Et gëtt vill méi Lëtzebuergesch geschwat a geschriwwe wéi nach virun e puer Joer, Reklamme ginn ëmmer méi oft op Lëtzebuergesch iwwersat an déi lëtzebuergesch Literatur huet Héichkonjunktur. Dowéinst ass et kloer, firwat e groussen Deel vun de Lëtzebuerger der Meenung ass, dass hir Sprooch ee wichtege Bestanddeel vun hirer Identitéit an hirer Kultur duerstellt. Op där aner Säit hunn ewell vill Auslänner, déi scho laang zu Lëtzebuerg wunnen, Wëlles, déi lëtzebuergesch Nationalitéit unzehuelen, well si sech mam Land identifizéieren, sech zu Lëtzebuerg doheem fillen an/oder iwwert politesch Sujeten matdiskutéiere wëllen. D'Vereinfachung vum Sproochentest géif et fir si méi einfach maachen, d'Nationalitéit unzehuelen.

D'Meenungen zum Thema Vereinfache vum Sproochentest gi wäit auserneen. Quell: TNS Ilres

 

Wéi wichteg ass de Sproochentest?

Wien déi lëtzebuergesch Nationalitéit unhëlt, kritt och gläichzäiteg d'Recht, sech an der Politik ze engagéieren. Et kann een un de Wahlen deelhuelen, souwuel wiele wéi sech selwer wiele loossen. Zu Lëtzebuerg gëlt d'Wahlflicht, wouduerch d'lëtzebuerger Wieler nach méi direkt mat der nationaler Politik a Kontakt stinn wéi et an anere Länner de Fall ass. Dofir ass et wichteg, dass déi Leit, déi wahlberechtegt sinn, sech och kënnen autonom iwwert politesch Sujeten informéieren an och hannert d'Messagë kucke kënnen, déi vun de Parteie verbreet ginn. Deemno ass d'Sproochekenntnis immens wichteg an de Sproochentest als solchen e wichtege Bestanddeel vum Nationalitéitegesetz, soulaang nëmmen déi Bierger un de Chamberwahlen deelhuele kënnen, déi déi lëtzebuergesch Nationalitéit hunn.

Gläichermoosse stellt sech eng weider Fro: Wat bedeit et, déi lëtzebuergesch Nationalitéit ze hunn? Grad an engem esou multikulturelle Land, dat ënnert esou vill internationalem Afloss steet, ass et wichteg, sech domadden auserneenzesetzen. Mir kommen net laanscht d'Fro vun der nationaler Identitéit. Dozou muss sech awer jidderee seng eege Meenung bilden.

Op wat berifft sech d'Reform?

De Sproochentest, deen obligatoresch ass, fir d'lëtzebuergesch Nationalitéit ze kréien, soll vereinfacht ginn. Den ze erreechende Kompetenzniveau soll vu B1 op A2 erofgesat ginn. Dës Niveauë bezéie sech op d'Europäesch Referenze fir d'Sprooch, no deenen d'Kenntnisser an enger Sprooch kategoriséiert ginn. Dozou ass ze soen, dass tëscht de Kompetenzniveauen A1, A2, B1, B2, C1 an C2 ënnerscheet gëtt, woubäi A1 deen einfachsten ('néideg Grondbegrëffer') an C2 deen héchsten ('Mammesprooch') Niveau duerstellen. D'A-Niveauen huele virun allem d'Grondkenntnisser vun der Sprooch an Ugrëff, Spriecher mat engem B-Niveau kënne sech fléissend an themeniwwergräifend an deene meeschte Situatiounen ausdrécken a wien en C-Niveau huet, ka sech ouni Problemer mat engem Mammesproochler ënnerhalen. All Niveau huet verschidde Kompetenzen, déi een erreecht muss hunn, fir deen Niveau kënne virzeweisen. Wann een also e Spoochentest mécht, gëtt u sech gepréift, wat fir eng Kompetenzen een erfëllt, fir unhand dovun de Sproochniveau ze ermëttelen. Wann een en Ofschlossdiplom vun enger lëtzebuerger Schoul huet, huet een an deene meeschte Sproochen op d'mannst B2, an den Amtssproochen deelweis souguer C2, erreecht.

Fir dass mir wëssen, iwwert wat mir diskutéieren ass et interessant ze verstoen, wat dann iwwerhaapt d'Ënnerscheeder vun A2 a B1 sinn.


A2


 

B1


 

Ka Sätz an heefeg genotzten Expressioune verstoen, déi mat Beräicher mat onmëttelbarer Bedeitung zesummenhänken. (Informatiounen zur Persoun an zu der Famill, Akafen, Aarbecht / Schaffen, noot Ëmfeld asw.)

Kann Haaptpunkte verstoen, wa kloer Standardsprooch geschwat gëtt a wann et ëm vertraut Sujeten aus Aarbecht, Schoul, Fräizäit asw. geet.

Ka sech an einfachen, routinéierte Situatioune verstännegen, an deenen et ëm en einfachen an direkten Informatiounsaustausch iwwer vertraut a geleefeg Sujete geet.

Kann déi meeschte Situatioune bewältegen, deenen een am Sproochgebitt begéint.

Ka mat einfache Mëttelen déi eegen Hierkonft an Ausbildung, d’direkt Ëmfeld a Saachen am Zesummenhang mat onmëttelbare Bedierfnësser beschreiwen.

Ka sech einfach an zesummenhängend iwwer vertraute Sujeten a perséinlech Interessen äusseren.
 Kann iwwer Erfarungen, Evenementer, Dreem, Hoffnungen an Ziler schwätzen an Erklärungen oder kuerz Begrënnungen zu Pläng an Usiichte ginn.

 

Allgemeng kann ee festhalen, dass den Niveau A2 schonn déi wichtegst Grondlage beinhalt, déi et dem Spriecher erlaben, einfach formuléiert Aussoen, déi fir säin onmëttelbart Ëmfeld vu Belang sinn, ze treffen an ze verstoen. Einfach Routinë kënne beschriwwen an déi wichtegst Bedierfnësser geäussert ginn. En zesummenhängend Gespréich ass also duerchaus scho mat ofgeschlossenem A-Niveau méiglech.  Wann et awer an den Detail geet, gëtt et scho méi schwéier. Do geet den Niveau B1 nach ee Schrëtt weider: Wien e B-Niveau an enger Sprooch erreecht, ka sech nämlech scho vill méi perséinlech ausdrécken. Doriwwer eraus ass de Spriecher vill méi autonom, well en e méi grousst Verständnis vun den Expressiounen, de Formuléierungen, awer och vum Vocabulaire huet, déi an der Sprooch virkommen. E weidere Virdeel par rapport zum Niveau A2 ass, dass de Spriecher abstrakt Konstrukter wéi Erfarungen, Evenementer oder Ziler thematiséieren a virun allem Begrënnunge formuléieren a verstoe kann.

A2 oder B1?

Wien den Niveau A2 an enger Sprooch erreecht, huet sech mat de Grondkenntnisser vun der Sprooch auserneegesat. An der Reegel kënne sech Spriecher mam Niveau A2 ouni gréisser Problemer matdeelen, soulaang et ëm Haaptsujetë geet. Dozou gehéieren onmëttelbar Bedierfnësser, den direkten Informatiounsaustausch, dat direkt Ëmfeld a routinéiert Situatiounen. Fir d'alldeeglech Kommunikatioun geet dësen Niveau u sech duer. Technesch gesinn ass domat nämlech d'Grondlag vun der Integratioun geschaf ginn: De Spriecher kann d'Sprooch aktiv uwennen a ka sech an dëser Sprooch ausdrécken. Méi awer och nët.
Wa mir awer dovun ausginn, dass och an Zukunft nëmmen Erwuessener mat der lëtzebuergescher Nationalitéit un de Chamberwahlen deelhuelen dierfen, ass den Niveau B1 fir d'Nationalitéit tatsächlech besser. Mam Niveau B1 huet de Spriecher vill méi Beräicher ofgedeckt, déi fir en autonomt Informéieren noutwenneg sinn. Hei ass et virun allem vu Virdeel, dass en iwwert méi abstrakt Sujeten, wéi z.B. Erfarungen, Evenementer, Ziler an Usiichte, schwätze kann. Dat ass wichteg, wann nët souguer onerlässlech, wann e Bierger en obligatorescht Wahlrecht huet.

Ziler fir d'Zukunft

Ironesch ass eigentlech, dass zu Lëtzebuerg grouss iwwert verschidde Kompetenzniveauë gestridde gëtt, während d'Majoritéit vun de Lëtzebuerger d'Orthographie vu der Mammesprooch net kennt. Dat huet natierlech domat ze dinn, dass d'Sprooch u sech nach zimlech um Ufank steet. Si ass bei wäitem nët esou gereegelt wéi zum Beispill Däitsch oder Englesch - an dat obschonns et en nationalt Sproocheninstitut, souwéi eng lëtzebuergesch Rechtschreiwung gëtt. Fakt ass, dass verschidden Dialekter, Mondaarten a Schreifweise parallel existéieren a vill Mammesproochler sech net eens sinn, wéi ee "richteg" schwätzt oder schreiwt. Dowéinst ass et och net verwonnerlech, dass de Sproochentest, wéi e vum Nationale Sproocheninstitut ausgeschafft an ofgehal gëtt, just op d'mëndlecht Schwätzen a Verstoen ausgeriicht ass. Dovun ofgesi musse mir eis drop gefaasst maachen, dass sech d'lëtzebuerger Sprooch mat Sécherheet weider wäert veränneren. Dat ass ee ganz logeschen an natierleche Schrëtt, deen all Sprooch duerchgemaach huet an ëmmer wäert duerchmaachen. Eng Sprooch passt sech ëmmer un d'Situatioun un an entwéckelt sech mat hire Spriecher weider.
Eppes steet awer fest: Et ass scho laang nët méi sou vill Lëtzebuergesch geschwat gi wéi elo. Och den Interessi un der Sprooch bleift scho laang konstant, dat beweisen d'Zuele vun den Umellunge fir lëtzebuergesch Sproochecoursen um INSL. An dës Entwécklung wäert ëmmer weidergoen, sou vill ass sécher. Mir mussen elo just sécherstellen, dass mir eis momentan Dynamik notzen an eis Sproochentwécklung weider fërderen, ouni eis Multilingualitéit doduercher an den Hannergrond ze drécken. Well wann de Lëtzebuerger eppes Opweises huet, dann ass et seng Multilingualitéit.

Fir weider Informatiounen zum Nationale Sproocheninstitut:
http://www.insl.lu

You may also like

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.