Home Comment Make Common Sense Great Again

Make Common Sense Great Again

by Christophe Froehling

Den Artikel ulauschteren:

 

Wéini hu mir eigentlech opgehalen, eise gesonde Mënscheverstand anzesetzen?

Erënnert dir iech nach un déi schéin Zäit, an där mir op Fuerscher, Wëssenschaftler a Spezialiste gelauschtert hunn? Un deemols, wou mer eis nach alleguer eens waren, dass eng perséinlech Meenung net zwéngend d’Realitéit erëmspigelt? Wou eng Ausso ouni zolitt Argumenter just eng Behaaptung war?

Säit enger Rei Jore liewe mer an enger Welt, an där et eng handvoll “Skeptiker” fäerdeg bréngen, de grousse wëssenschaftlech fundéierte Konsens ze kippen, andeems se einfach opgereegt an d’Flilleke klappen. Et zielt net méi d’Erkenntnis aus laangjäreger Fuerschung, mee d’Meenung vun deemjéinegen, deen am häärtste jäizt.

Obwuel 97,1 % vun de wëssenschaftlechen Etuden de Mënsch fir de Klimawandel verantwortlech maachen, de wëssenschaftleche Konsens also de mënschegemeete Klimawandel als Fakt unerkennt, ginn et vereenzelt Stëmmen, grad aus der Politik, déi sech vehement géint d’Realitéit wieren oder sech am “Klein-Klein” verléieren, amplaz ze handelen.

Dorënner si Leit, déi hir Zäit léiwer domat verbréngen, Demonstranten op iergendenger Foto ze zielen, fir d’Protestaktioun erofzespillen. Et si Leit, déi sech iwwert e Sproch opreegen, deen eng Demonstrantin op hirem Transparent stoen huet. Ma et ginn der awer och, déi sech geziilt als Expert opspillen, sech mat hirem Curriculum bretzen a mat Behaaptungen ëm sech geheien, déi weder Kapp nach Fouss hunn.

E gutt Beispill huet eis viru kuerzem den Tom Weidig, Member vum ADR a Kandidat fir d’Chamberwahlen zejoert, geliwwert. An engem rezente Facebook-Bäitrag bezeechent e säi politesche Géigner, de Grénge-Kandidat Meris Sehovic, als “Scharlatan” a wërft ëm Panikmaacherei a Saache Klimakris vir. Den Tom behaapt, et géing keng Klimakris ginn, a “beleet” seng Behaaptung domat, dass d’Miessstatioun um Findel an deene leschten 10 Joer keng gréisser “Extremer” festgestallt hätt. (Wat e konkret ënner “Extremer” versteet, dat verréit en eis iwwregens net.) Jiddereen, deen och nëmme vum Klimawandel héieren huet, dee weess, dass een d’Entwécklung vum Klima iwwert e laangen Zäitraum muss kucken. Do ginn zeng Joer bei wäitem net duer, a scho guer net just fir een Erhiewungspunkt. Wann ech erausfanne wëll, wat fir ee Land am meeschten d’éischt Plaz am Eurovision Song Contest ageholl huet, kucken ech mer jo och net nëmmen d’Resultater aus deene leschte véier Joer un (an dann och nëmmen déi Joer, an deenen den ESC an Irland ofgehale gouf).

Et stinn also op d’mannst 12.500 seriö, wëssenschaftlech Etuden, déi d’Existenz vun der Klimakris bestätegen, géint eng Miessstatioun iergendwou zu Lëtzebuerg (déi niewebäi gemierkt souguer e liichten Trend no uewen uweist). Anescht ausgedréckt: Hei steet d’Erkenntnis aus jorzéngtelaanger Fuerschung géint d’Wuert vun enger Persoun, déi einfach nëmmen haart jäizt.

50 Leit gefält de Post, 23 Leit hunn e gedeelt. A wiem gefält et nach? Ausgerechent dem Fred Keup, vu Beruff Geosproff (!) an ADR-Kandidat fir déi wichtegst Europawahlen iwwerhaapt. Ma dat bescht kënnt nach: Wann en de Wee net op Bréissel fënnt, réckelt en automatesch fir de Gaston Gibéryen an der Chamber no. Fuck me!

Dowéinst mäin Appell un iech alleguer dobaussen: MAKE COMMON SENSE GREAT AGAIN! Wielt e Sonndeg mat Verstand, net mat den Oueren.

You may also like

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.