Home Comment D’Lëtzebuergeschkueren um Préifstand

D’Lëtzebuergeschkueren um Préifstand

by Christophe Froehling

An hirer gewinnter, intransparenter Manéier huet Nee2015 eng louche Graphik op hirer Facebooksäit verëffentlecht. Dat ouni iergendeng Quell ze nennen oder op déi grouss Problematik anzegoen, déi dëse Sujet kontinuéierlech begleet.

Eppes, wat ech heiansdo wierklech bedaueren, dat ass de Manktem u Statistiken a gesammelten Donnéeën iwwert de Grand-Duché. Sécher, mir hunn eng sëllech Ariichtungen, déi et sech op hire Fändel geschriwwen hunn, eis mat Zuelen ze versuergen, ma et bleiwen awer ëmmer nach vill Beräicher onbeliicht. Ganz anescht ass dat bei eisen europäeschen Noperen: Hei gëtt fläisseg alles gesammelt, wat sech bei Dräi net duerch d’Bascht gemaach huet. Op d’mannst schéngt et esou, schliisslech fënnt een ouni Problemer Datesätz dozou, a wéi enger däitscher Stad een am allerlängsten am Stau steet oder wéi laang d’Duerchschnëttsfranséisin mat hirem Partner schléift (fir déi ganz virwëtzeg: anscheinend 16 Minutten).

Bei esou enger ausgeprägter Sammelpassioun rëselt natierlech deen Een oder Aneren de Kapp. Et ass awer net ze bestreiden, dass heiansdo e bësse méi Informatiounen hëllefräich wieren. Dat gëtt den Ament erëm däitlech, wann een e couragéierte Bléck an d’Hiel vum Grupp Nee2015 / Wee2050 wot.

D’Administrateure vum Facebookgrupp hu sech wuel endgülteg der Aufgab verschriwwen, ganz Edinburgh mat deem Stroum ze versuergen, deen se sech aus der Ëmdréiung vum David Hume a sengem Graf erhoffen. Anescht kann ech mir hire rezente Post vum 4. November net erkläeren. Mat enger neier, onbeschrëfter Graphik, déi grad esou gutt kéint aus dem Léierbuch “Panik verbreede fir Ufänger” erausgezu ginn, probéiere si alt nees, vum Ënnergang vun der lëtzebuerger Sprooch ze priedegen.

Mat dëser onbeschrëfter Graphik priedegt Nee2015 weiderhin den Ënnergang vun eiser Sprooch

Mol dovun ofgesinn, dass dës Abominatioun vun engem Diagramm keng Y-Achs huet, anhand vun där een un engem Repère déi zwee Datepunkte mateneen an e Verhältnis setze kéint, ass och de Choix vun den Donnéeën alles anescht wéi transparent. Weder op der Graphik nach an der Beschreiwung fënnt ee Quellen, déi erkläeren, wéi een op dës Montante kënnt. Och de Link, deen der Beschreiwung bäigefügt gouf, hëlleft eis bei der Sich no enger Quell net weider. Nee, dës zwou Zuele ginn einfach an de Raum geworf, ouni och nëmmen iergendeen Unhaltspunkt ze liwweren. Einfach zwee faarweg Balken op eng riicht Linn ze setzen an iergendwelch Zuelen niewendrun ze schreiwe geet awer bei wäitem net duer, fir d’Proportioune kloer duerzestellen.

Hei weist sech och déi patentéiert Aart a Weis, mat där Nee2015 hir Argumenter usetzen: Dës Graphik gëtt presentéiert, wéi wann et deen einfachste Saachverhalt vun der Welt wier. Andeems si d’Problematik dohannert ënnert den Dësch fale loossen, stelle si gekonnt hir eege Behaaptung op, déi jo géing no enger simpler Logik verfueren an dowéinst net ze hannerfroe wier.

Dass Nee2015 / Wee2050 hei esou eng Praxis net fir d’éischt applizéiert, gouf scho méi dacks an iwwer vill Weeër ugeklot. Hir ominéis pseudo-empiresch “Etude” an der Belle-Etoile ass do just d’Spëtzt vum Tiermchen. Den aktuellen Artikel vum Maxime Weber iwwert dës louche Gruppéierung huet dat nach eng Kéier passend zesummegefaasst, dowéinst ginn ech den Ament net weider dorop an. Hei zeechent sech gutt of, dass et heiansdo wichteg ass, konkret Daten ze erhiewen, fir dass een esou enger Datemanipulatioun net op de Läim geet.

An der Tëschenzäit gouf de Post awer ganzer 35 Mol gedeelt an et goufe ronn 400 Commentairen dozou ofginn. 92 Leit hunn drop reagéiert. Wat dat fir eng Reechwäit generéiert, kann ee sech liicht virstellen. Ëmsou méi Suerge muss ee sech maachen, wann ee bedenkt, dass hei net eng eenzeg Quell genannt gëtt, déi een novollzéie kann.

D’Problematik huet vill Facetten

Wa sech Nee2015 net wëll mat dësem Problem auserneesetzen, da maache mir dat eben. Kommt, mir setzen dat Ganzt emol an d’Relatioun mat gesécherten Donéeën. Am Géigesaz zu Nee2015 / Wee2050 wäert ech hei meng Quellen uginn an am Detail diskutéieren.

Wéi vill Awunner kënne Lëtzebuergesch?

Et ass allgemeng schwéier, aktuell Donnéeën zu dësem Sujet ze fannen. Den Ament gëtt et keng reell Zuel, déi konkret festleet, wéi vill Leit Lëtzebuergesch schwätze kënnen. Hei e puer Beispiller:

  • D’Baleine-Etude, eng grouss soziolinguistesch Analys, huet éischt Versich an dësem Beräich ënnerholl. Allerdéngs kommen déi läscht Erkenntnisser aus den Erhiewunge vun 2008 a liwweren dowéinst keng aktuell Zuelen.
  • Ëmfroen zu dësem Sujet (z.B. Eurobarometer) goufe mat enger klenger Stéchprouf duerchgefouert, wat fir eis heterogen Sproochesituatioun zu Problemer féiert an net zu honnert Prozent representativ ka sinn.
  • Och d’UNESCO-Zuele sinn net allze rezent. Aus hire Quellen (ë.a. Ethnologue) berechne si fir d’läscht eng virsiichteg Zuel vun 390.000 Leit. Dëst Resultat gouf awer och schonn 2010 virgestallt. Vill lëtzebuerger Instituter, dorënner och d’Uni Lëtzebuerg, zweifelen berechtegterweis dëst Resultat un. Nach dobäi kënnt, dass d’UNESCO (anescht wéi d’Uni Lëtzebuerg) generell d’Muselfränkescht ënnersicht huet, also d’Lëtzebuergescht net vum Dialekt ofgrenzt.

Als groussen Datesaz, deen och am aktuellste wier, ass natierlech de Recensement vun 2011 ze nennen, dee vum STATEC duerchgefouert gouf. Allerdéngs sti mir hei virun engem weidere Problem, deen et ze betruechte gëlt: Et gouf nämlech net konkret no der Sproochkompetenz gefrot. Zum Beispill war eng Fro am Wuertlaut: “Wéi eng Sprooch schwätzt Dir reegelméisseg am Alldag?” (bezunn op d’Aarbecht asw.). Hei gëtt net erhuewen, ob de Befroten eng Sprooch kann, mee just, ob en se benotzt. Sou kéinten also Leit heirënner sinn, déi zwar Lëtzebuergesch kënnen, et awer net op der Aarbecht reegelméisseg benotzen. Et geet schonn duer, wann een et just heiansdo schwätzt, fir an déi zweet Kategorie ze falen. (Interessant ass d’Resultat awer trotzdem an et ass natierlech fir aner Fuerschungsfelder relevant.)
Gefrot gouf och no der Haaptsprooch. Natierlech kann ee soen, dass d’Haaptsprooch och logescherweis eng Sprooch bezeechent, déi ee schwätze kann. Wat wier dann awer mat deene Leit, déi vläit eng aner Haaptsprooch consideréieren (z.B. Franséisch, Portugisesch asw.) an trotzdem Lëtzebuergesch kënnen?

D’Fro ass och, a wéienge Fäll mir just d’Awunner vu Lëtzebuerg erauszéie kënnen an net déi Leit mat an d’Rechnung huelen, déi am Ausland wunnen. Genee sou muss ee sech d’Fro stellen, ob a wéi een d’Frontaliere mat aberechent. Schliisslech huelen och déi un de Kueren an um ëffentleche Liewen am Grand-Duché deel. De STATEC ass 2015 vun ca. 169.000 Frontalieren ausgaang. Dorënner sinn alt erëm och Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen.

Dir gesitt also, dass et ouni Zweifel immens schwéier ass, fir op e gemeinsamen Nenner ze kommen. Dës Problematik gëtt awer iwwerhaapt net vun Nee2015 ugeschwat. Fir dass mir awer mat iergendengem Montant schaffe kënnen, gi mir mol dovun aus, dass ca. 400.000 Leit Lëtzebuergesch kënnen. Dat géif souwuel den Zuele vum Institut fir d’lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft (hei ILSL ofgekierzt) entgéintkommen, wéi och den Donnéeën aus dem STATEC Recensement Rechnung droen. Am Ëmkéierschloss géifen dann ca. 190.000 Awunner kee Lëtzebuergesch kënnen. Alles dat ass a bleift awer eng Héichrechnung, déi d’ILSL selwer als eng „konservativ Interpretatioun“ gesäit.

Wéi vill Aschreiwungen an (ëffentlech) Lëtzebuergeschkuere goufe gemaach?

Et ass allgemeng wichteg, sech virun Aen ze halen, wéi vill schonn am Beräich vun de Lëtzebuergeschkueren an deene läschte Joren erreecht gouf. Aus dësem Grond hunn ech mech dozou entscheet, fir emol den Total vun allen Aschreiwungen ze maachen, déi bei ëffentleche Lëtzebuergeschkueren agaange sin. Och hei ass et schwéier, fir konkret Datesätz ze fannen. Ech riichte mech awer no deenen zwou Quellen, déi mir virleien.

De lëtzebuerger Educatiounsministère MEN (speziell d’Divisoun “Formation des Adultes”) huet en Datesaz, deen iwwert onreegelméisseg Zäitraim tëscht 1993 an 2016 erhuewe gouf. Dës Zuele goufen an enger Graphik zesummegestallt, déi fir d’éischt um Internetsite LinkingLuxembourg.lu verëffentlecht gouf:

Quell: LinkingLuxembourg.lu / MEN Formation des Adultes

Ergänzend dozou huelen ech d’Aschreifzuele vum Nationale Sproocheninstitut (INL) derbäi. An engem Rapport hu si alleguer d’Aschreiwungen a Lëtzebuergeschkueren, déi tëscht 2002 an 2016 bei hinnen agaang sinn, zesummegefaasst.

Setze mer elo déi zwou Quellen an e Verhältnis, komme mir op ca. 41.401 Inscriptiounen tëscht 1993 an 2016. Dobäi dierf een awer net vergiessen, dass eis Datesätz Lächer opweisen an eis dofir keng endgülteg Donnéeë fir d’Joren 1994-1995, 1997-1998, 2000-2001, 2003-2004, 2006-2007, 2009-2010 an 2012-2016 virleien. Déi Aschreiwungen, déi an deene Jore getätegt an net duerch Statistiken erfaasst goufen, feelen also nach an eiser Rechnung.

Eng aner Perspektiv vun der Situatioun: D’Aschreiwungen um Préifstand

Wat mir dacks bei eisen Debate ronderëm eis Sprooch vergiessen, dat sinn d’Laangzäitwierkungen vun de Beméiungen, déi an deene läschte Jore fir d’Fërderung vun eiser Sprooch ënnerholl goufen. Dowéinst vergläiche mir elo d’Zomm vun den Aschreiwunge mat den Zuelen iwwert d’Sproochkompetenz. Hei bitt sech eis schonn e ganz anert Bild. Déi Donnéeën, déi eis den Ament virleien, deiten och op eng positiv Entwécklung hin.

Doriwwer eraus weist d’Tendenz vun den Aschreiwunge spéitstens zënter deene läschte Jore kloer no uewen. Virun e puer Joer war den Ustuerm op d’Lëtzebuergeschkueren souguer esou grouss, dass de Gros vun den Initiativen net dorop virbereet war. Sou kann ee soen, dass sech dee grénge Balken ëmmer méi wäert no uewe veränneren.

Gläichzäiteg musse mir eis bewosst sinn, dass an eiser Rechnung just déi ëffentlech Kueren abegraff sinn. Privatkueren an autodidaktescht Léieren duerch déi etlech Onlinekueren, Léierbicher an aner Medien, souwéi “d’natierlecht” Léiere vun der Sprooch an der Schoul an am Alldag, kënne schlecht erhuewen an dowéinst net matgezielt ginn. An awer dierf een hiren Effekt net vergiessen.

Perspektive fir d’Zukunft

Dass Interessi u Lëtzebuergeschkuere besteet, hu mir an deene läschte Jore gesinn. Ma grad well d’Tendenz kloer no uewe weist, dierfe mir net stagnéieren. Natierlech gëlt et elo, op dës Demande ze reagéieren. Méi Kuere musse geschaf ginn, fir méi Interesséierter ophuelen ze kënnen. Dofir mussen awer och méi Enseignanten ausgebilt ginn, déi dës Aufgab iwwerhuele kënnen. Mir brauche méi Alternativofferen, déi och fir Vollzäitemployéen, déi keng Zäit hunn, fir zu Lëtzebuerg (nach no hirer Aarbecht an der verluerener “quality time” am Stau) d’Schoulbänk ze drécken, attraktiv sinn. Dobäi kënne mir och verstäerkt op Onlinekueren, E-Learning-Plattformen a Léierbicher setzen, fir dem Undrang Meeschter ze ginn.

Wat mir awer absolut net dierfe maachen: Grouss an d’Flilleke klappen an eis nëmmen doriwwer opreegen, dass eis Sprooch der Däiwel géing goen, well just 5.000 (imaginär) Aschreiwungen op 190.000 Awunner kommen, déi kee Lëtzebuergesch kënnen.

 

Weider Linken an Umierkungen zu dësem Thema:

Zesummefaassung vun de Quellen:

  • Awunner, déi Lëtzebuergesch schwätze kënnen (blo)
    orientéiert sech primär un Héichrechnunge vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literatuwëssenschaft (ILSL) an dem STATEC Recensement vun 2011
  • Aschreiwungen an ëffentlech Lëtzebuergeschkueren 1993-2016 (gréng)
    • däischtergréng: faasst d’Aschreiwungen a Lëtzebuergeschkuere beim Nationale Sproocheninstitut zesummen, déi tëscht 2002 an 2016 getätegt goufen
    • hellgréng: bezitt sech op d’Graphik, déi fir d’éischt bei LinkingLuxembourg.lu verëffentlecht gouf. Si berifft sech op d’Zuele vum Educatiounsministère, déi Stéchwäerter (1993, 1996, 1999, 2002, 2005, 2008, 2011) erëmginn. D’Wäerter vum INL goufen net berécksiichtegt.
  • Awunner, déi kee Lëtzebuergesch schwätze kënnen (mof)
    orientéiert sech un der Awunnerzuel, wéi och un den Héichrechnunge vun ILSL an dem STATEC Recensement 2011

Firwat setzen ech hei eng Usammlung un Daten aus verschidde Jore mat zwou statesche Konstanten zesummen? Fir ze verdäitlechen, wat bis elo erreecht konnt ginn. Alles gesäit onbedeitend aus, wann een et op déi klengsten Eenheet erofbrécht. Et muss ee sech awer och virun Ae féieren, wat alles an deene läschte Jore geleescht gouf, zënter dass d’Lëtzebuergescht eng Renaissance erlieft huet.

Fir dës Diskussioun ze completéieren, muss een natierlech och d’Frontaliere mat an d’Boot huelen. Dat gouf am Artikel zwar just niewesächlech ugeschnidden, ass awer ee Punkt, deen een muss consideréieren, wann een iwwer d’Fërderung a weider Fuerschung nodenkt.

Et dierf een net vergiessen, dass eng Aschreiwung net automatesch bedeit, dass déi ageschriwwe Persoun no engem Joer perfekt Lëtzebuergesch kann. Dat ass awer och logesch a fir den Iwwerbléck, wéi mir en hei probéiert hunn, zesummenzesetzen, éischter niewesächlech. Er sollt een et awer am Hannerkapp behalen.

You may also like

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.