Home FT Lëtzebuergesch – eng Sproochgeschicht
Sproochgeschicht vum Lëtzebuergeschen

Lëtzebuergesch – eng Sproochgeschicht

by Christophe Froehling

Am zweeten Deel vum Dossier mam Thema „lëtzebuergesch Sprooch“ befaasse mir eis mat der Sproochgeschicht vum Lëtzebuergeschen. Wou läit den Ursprong vun eiser Sprooch a wat sinn déi nächst Schrëtt, déi mir an Zukunft an Ugrëff huele sollten?

Bal keen Thema spléckt den Ament d'Meenungen am Grand-Duché méi wéi de Status vum Lëtzebuergeschen an eiser Gesellschaft. Dat hunn d'Diskussioune ronderëm d'Petitioune 698 a 725 alt erëm däitlech gemaach. Et ass natierlech en emotionaalt Thema, schliisslech geet et hei ëm d'Fro vun der perséinlecher Identitéit. Leider hunn d'Diskussiounen och ervirbruecht, dass sech vill Leit hir Meenung aus Hallefwourechten, falsche Fakten an „Informatiounen no Gefill“ bilden. Dat ass awer immens geféierlech wann ee kloer Decisiounen treffe muss. Wie falsch informéiert ass ka genee sou schlecht Entscheedungen huelen wéi een, deen Angscht am Bauch huet.

Fir all déi Diskussioune ronderëm eis Sprooch objektiv kënnen ze betruechten, musse mir also op deem selwechte Stand sinn. Nodeems mir also scho wëssen, dass d'Lëtzebuergescht net onmëttelbar Gefor leeft, auszestierwen, kucke mir eis an dësem Deel d'Sproochgeschicht vum Lëtzebuergesche méi genee un. Dobäi loosse sech Stadien erkennen, déi op déi nächst Entwécklungsschrëtt hiweisen.

Den Ursprong vum Lëtzebuergeschen

Vergläicht een d'Lëtzebuergescht mat anere Sproochen, wéi zum Beispill mam Däitschen oder Franséischen, fält op, dass eis Sprooch nach zimlech jonk ass a sech doduerch grad eréischt wierklech entfaalt. Dat mécht se fir d'Linguistik immens interessant, well sech hei eng Sprooch an hirer ufänglecher Entwécklungsphas befënnt. Eventuell kann een hei Réckschlëss op d'allgemeng Entwécklung vun enger Sprooch zéien. Eis Sprooch war awer net vun haut op muer einfach „do“. Natierlech huet och si iergendwou hiren Ursprong.

D'Lëtzebuergescht ass bekanntlech eng germanesch Sprooch. Dat heescht, dass se Famill ass mat dem Däitschen, dem Nidderlänneschen an dem Schwedeschen, fir mol e puer Beispiller ze nennen. An der Linguistik geet een dovun aus, dass sech déi genannte Sproochen aus dem Germaneschen entwéckelt hunn. Duerch regional Ënnerscheeder koum et dunn am Laf vun der Zäit dozou, dass sech verschidde Variatiounen a Form vu Standardsproochen an Dialekter erausgebilt hunn. Och haut nach mierkt een d'Gemeinsamkeeten, wann een déi Sprooche matenee vergläicht (engl. „apple“ - nl. „appel“ - dt. „Apfel).

Méi konkret ass den Ursprong vun eiser Sprooch an engem regionalen Dialektkontinuum ze fannen: dem Muselfränkeschen. D'Muselfränkescht gehéiert zu de mëtteldäitschen Dialekter, obwuel et duerch seng ganz besonnesch Eegenaarten opfält. De muselfränkesche Sproochraum zitt sech queesch duerch Westdäitschland an orientéiert sech dobäi – den Numm verréit et – um Verlaf vun der Musel. Dat ass och de Grond, firwat een eis net nëmmen zu Tréier, mee och allgemeng am Honnsréck, an der Äifel an deelweis och am Saarland ouni gréisser Problemer versteet.

De fränkesche Sproochraum
Esou deelt sech de fränkesche Sproochraum op
Muselfränkesche Sproochraum
De muselfränkesche Sproochraum

Dass och hei zu Lëtzebuerg Muselfränkesch geschwat gouf, weist zum Beispill de Codex Mariendalensis, och bekannt als „Yolanda-Lidd“. Dat ass e Manuskript aus dem 14. Jorhonnert, deen d'Geschicht vun der Grofenduechter Yolanda vu Veianen erzielt, déi onbedéngt wëll an d'Klouschter Mariendall opgeholl ginn. Dësen Text gouf op Westmuselfränkesch verfaasst an ass ee vun deene wéinege Manuskripter aus dem Mëttelalter, dat eis an dëser Mondaart iwwerliwwert ass.

Lëtzebuergesch – eng Ausbausprooch

Et gëtt eppes, wat d'Lëtzebuergescht vu senge Sproochgesëschter ënnerscheet: nämlech den Zäitpunkt, wou sech d'Sproochen etabléiert hunn. Bei senge germanesche Geschwëster ass dat schonn ongeféier ëm 450 – 750 no Christus geschitt. Deemools hu sech zum Beispill d'Alenglescht an d'Alhéichdäitscht aus dem Nordwestgermaneschen entwéckelt. Ab dësem Zäitpunkt kann ee vun enger eegestänneger Sprooch schwätzen,also vun enger Sprooch, déi onofhängeg vun anere Sprooche funktionéiert. Beim Lëtzebuergeschen ass dee Schrëtt eréischt vill méi spéit agetrueden. An och haut nach fält et eis schwéier, fir net heiansdo bei eis Noperen e puer Wierder léinen ze goen.

Fir d'Sprooche besser ze kategoriséieren, schwätzt d'Linguistik dacks vun „Ofstand-“ an „Ausbausproochen“. Eis Sprooch gehéiert an d'Kategorie vun den Ausbausproochen. Ganz graff geholl sinn dat Sproochen, déi sech aus enger anerer Sprooch eraus entwéckelt hunn an doduerch nach net de Wee an eng komplett onofhängeg Sprooch fonnt hunn. Et erkennt een nach genee de Lien zu hirer Virlag. Wat sech d'Sprooch awer am Laf vun der Zäit ëmmer méi vun der Virlag distanzéiert, wat ee se éischter zu den Ofstandsproochen ziele kann.

Dat fréit Franséischt zum Beispill hätt ee laut dëser Theorie kënnen als Ausbausprooch vum Latäin bezeechnen. Et war aus der Vermëschung vun de galleschen a keltesche Sprooche mam Latäin entstanen. Lues a lues huet et sech du vu senger Virlag ewech entwéckelt a konnt sech schlussendlech am Mëttelalter als eegestänneg Sprooch behaapten. Zënterhier gouf d'Franséischt ëmmer méi standardiséiert, sou dass een haut éischter vun enger Ofstandsprooch schwätze kann.

Sou ass d'Lëtzebuergescht also eng Ausbausprooch vum Däitschen, méi genee vum muselfränkeschen Dialekt.

Sech senger Sprooch bewosst ginn

De Grondsteen vum moderne Grand-Duché gouf bekanntlech mam Wiener Kongress, geluecht. Et ass also no 1815, wou sech lues a lues uechter de ganze Kontinent en Nationalgefill a ville Länner entwéckelt huet. Dëst huet nom Wiener Kongress jo nach a ville Länner zu Revolutioune gefouert. Esou en Nationalgefill, souwéi e Gefill fir déi eege Mondaart, koum am Laf vun der Zäit och zu Lëtzebuerg op.

Zu dësem Zäitpunkt kann een awer nach laang net vun enger eegestänneger Sprooch schwätzen. Vill méi war zu Lëtzebuerg nach eng Variant vum Däitsche present: eben déi muselfränkesch Mondaart, déi souwuel an dem haitege lëtzebuerger Staatsgebitt wéi och am Arrondissement vun Arel a ronderëm Diddenuewen verbreet war. Et ware wuel virun allem d'Baueren, déi sech an dësem Dialekt verstännegt hunn, deen iwwregens wuel vun Uertschaft zu Uertschaft ënnerschiddlech geklonge muss hunn. Oft gouf nämlech iwwert d'Grenze vun engem Duerf ewech anescht geschwat, sou dass et vill Variante vun engem Dialekt gouf. Dat war doduerch bedéngt, dass een zu där Zäit net oft ausserhalb vu sengem onmëttelbaren Ëmfeld ënnerwee war. Wien awer eppes op sech gehalen huet, deen huet Franséisch geschwat, well dat eng „méi sophistiquéiert“ Sprooch war an hir doduerch e méi exklusive Charakter zougeschwat gouf. D'Franséischt hat do scho laang eng Plaz am lëtzebuerger Sproocheregimm. Sou huet zum Beispill de Grof Heinrich VII. schonn am 13. Jorhonnert d'Latäin als Kanzleisprooch duerch d'Franséischt ersetze gelooss. Ufank vum 19. Jorhonnert gouf also souwuel Däitsch oder "Muselfränkesch", wéi och Franséisch zu Lëtzebuerg geschwat.

Dat éischt erhale Schrëftstéck, dat an der lëtzebuerger Mondaart verfaasst gouf, ass en Text, deen de 14. Abrëll 1821 am „Luxemburger Wochenblatt“ verëffentlecht gouf. Méi interessant ass awer den éischte Gedichtband an der Mondaart, deen 1829 vum Antoine Meyer, engem Mathesproff vun der Uni Léck, geschriwwen a publizéiert gouf. Dora befanne sech nämlech éischt Iwwerleeungen zum „grammatikaleschen Mekanisem vun onzer Mondaart“. Ee Joer méi spéit huet dunn d'Belsch Revolutioun ugefaang, bei där sech och Lëtzebuerg op déi belsch Säit geschloen huet.

1839 gouf dann am Numm vum Grand-Duc eng Héichrechnung an Aarbecht gestallt, an där festgestallt gouf, dass eng grouss Majoritéit vun der lëtzebuerger Aarbechterklass Däitsch oder e muselfränkeschen Dialekt schwätzt. Franséisch géing éischter a biergerleche Kreesser an a Verwaltunge geschwat ginn. Ee Beispill wier do de grousse Schrëftsteller Dicks, deen e biergerlechen Hannergrond hat, deelweis Bréiwer u seng Famill op Franséisch schreift, an Däitschland studéiert, an am Alldag op Lëtzebuergesch geschwat huet.

Éischt Verschrëftlechung a Codifizéierung

Wien eng Sprooch legitiméiere wëll, dee brauch natierlech en Unhaltspunkt. Dat huet sech wuel och de Jean-François Gangler geduecht, deen 1841 dat éischt Lexicon der Luxemburger Umgangssprache zesummegestallt huet. De Policekommissär huet och dacks viru Geriicht als Iwwersetzer fungéiert. Hien huet sech fir eng Verschrëftlechung, also d'Iwwerdroe vun enger mëndlecher / geschwater Sprooch an e Schrëftsystem, ausgeschwat. Fir déi däitsch Sprooch gouf dëse Schrëtt zum Beispill am 9. Jorhonnert ënnert anerem vum Otfrid von Weißenburg ënnerholl, deem mir wahrscheinlech bis haut nach de W (geschwat „double v“ oder „double u“, well deemols uu geschriwwen) ze verdanken hunn. D'Verschrëftlechung vun enger Sprooch garantéiert, dass Texter kënnen an där Sprooch néiergeschriwwe ginn an ass dowéinst e groussen Entwécklungsschrëtt fir eng Sprooch, well se doduerch besser verbreet a konservéiert ka ginn.

Ëm 1850 an doriwwer eraus koum et zu Lëtzebuerg zu enger Urbaniséierung. Sou krut de Grand-Duché zum Beispill 1859 eng nei Eisebunnslinn vun de Grenzen a Richtung Stad, déi de Michel Lentz bekanntlech zu sengem Feierwon inspiréiert huet. Den Urbaniséierungsprozess huet dozou gefouert, dass méi Wiessel tëscht den Uertschaften entstan ass a sech deelweis Fonctionnairen am Laf vun hirer Carrière aus der Stad an aner Dierfer néiergelooss hunn. Sou konnt sech d'lëtzebuerger Mondaart lues a lues standardiséieren: Et huet sech eng iwwergräifend Verkéierssprooch erausgebilt. Awer och hei kann een nach net vun enger Sprooch, mee éischter vun enger Mondaart schwätzen.

Mee och de literaresche Betrib huet sech verännert. 1847 hate sech e puer lëtzebuerger Schrëftsteller zesummefonnt, déi ville Lëtzebuerger bis haut nach missten e Begrëff sinn. Zu deenen Auteure gehéieren ënnert anerem de Michel Lentz (Ons Heemecht) an den Edmond „Dicks“ de la Fontaine (De Wellefchen an de Fîschen), déi oft als „Begrënner vun der lëtzebuerger Sprooch“ gëllen, souwéi de Michel Rodange (De Rénert) oder de Peter Klein.

Nieft senge lëtzebuergeschen Theaterstécker huet sech den Dicks och un der linguistescher Fuerschung versicht, wéi z. B. Versuch über die Orthographie der luxemburger-deutschen Mundart (1855), Die Luxemburger Sprichwörter und sprichwörtlichen Redensarten (1857-1858) oder Luxemburger Sagen und Legenden (1882). Dës Aarbechten hunn dozou bäigedroen, dass d'lëtzebuerger Mondaart codifizéiert, also gereegelt, gouf.

De Peter Klein, dee selwer Däitschproff war, hat eng aner Astellung zur Mondaart. Zwar schreift en a senger Aarbecht Die Sprache der Luxemburger (1855), d'Sprooch wier onléisbar mam Vollek verbonnen, mee e lehnt eng Verschrëftlechung of. Domat ass hien am Fong en anere Wee wéi de Jean-François Gangler gaang, dee jo d'Verschrëftlechung als wichtege Schrëtt empfonnt huet:

[die präsenz der zwei mächtigen schriftsprachen würde] nicht nur die ausbildung unserer mdt. hindern, sondern auch in nicht zu langer zeit die unterscheidenden eigenheiten derselben ganz abschleifen und verwischen.

Sou huet d'lëtzebuerger Mondaart seng éischt Standardiséierung, awer och seng éischt Reegelung erlieft.

1867 koum et dunn zur Lëtzebuerg-Kris, bei där net nëmmen iwwert d'Onofhängegkeet vum Land, mee och iwwert d'Identitéit vum Vollek decidéiert gouf. Den Napoleon III. wollt dem nidderlännesche Kinnek de Grand-Duché ofkafen, fir en a säi Frankräich ze annektéieren. Dat huet awer fir vill Gedeessems gesuergt. Déi däitsch Bevëlkerung wollt d'Heemecht vun der wichteger Luxemburg-Dynastie, net einfach un de franséische Rival ausgeliwwert gesinn. Och dem lëtzebuerger Vollek huet deen Handel net geschmaacht an et koum zu verschidde Beweegungen: Déi eng hunn hir Sympathie fir Frankräich geäussert, déi aner fir den Däitsche Bond. Et gouf awer nach eng weider, zimlech grouss Beweegung, déi sech fir de Status quo agesat huet. D'Vollek hat mëttlerweil eng gemeinsam Identitéit opgebaut a wollt doduerch net d'Affer vu Muechtspillercher tëscht dem Bismarck an dem Napoleon III. ginn. Hei spillt de Wahlsproch „Mir wölle bleiwe wat mir sinn“ eng wichteg Roll. Et fält op, dass d'Vollek sech explizit e Sproch aus senger Mondaart gesicht huet, also eben net aus dem Héichdäitschen oder dem Franséischen. Sou huet d'Mondaart d'Vollek verbonnen, an dat obwuel et zu dësem Zäitpunkt och Franséisch an Däitsch geschwat huet. De Sproch dréckt also de simple Wonsch aus, alles esou ze loossen, wéi et ass. Net méi an net manner. Et verstoppt sech also keng patriotesch oder explizit nationalistesch Ausso hannendrun. Ech betounen dat hei ganz konkret, well ech weess, dass dëser Deeg vill Leit dëse Sproch ausnotzen, fir hir populistesch an/oder radikalpatriotesch Argumentatioun ze ënnersträichen, ouni den Hannergrond vum Sproch ze kennen.

Seng Sprooch als en Deel vu senger Identitéit gesinn

Duerch den Doud vum Wëllem III., dem leschte männlechen Ierwen aus der Oranien-Nassau-Linn, war 1890 d'Personalunioun mat Lëtzebuerg offiziell eriwwer. De Grand-Duché war ab deem Moment komplett onofhängeg. Dat ganzt huet d'Gefill vun enger gemeinsamer Identitéit nach eng Kéier verstäerkt. Hei koum dann och méi oft de Begrëff vun „onser Sprôch“ op. Um Staatsbegriefnes vum Michel Lentz (1893) zum Beispill huet den deemolege Staatsminister gesot, „ons Sprôch“ wier zum Band ginn, dat d'Lëtzebuerger zesummenhält. An awer ass d'Franséischt nach eng gutt Zäit d'Debattesprooch vun der Chamber bliwwen: Dem C. M. Spoo seng Fuerderung, d'Lëtzebuergescht an der Chamber anzeféieren, ass 1896 gescheitert.

Et kann ee soen, dass sech zënter 1890 ëmmer méi Lëtzebuerger mat hirer Mondaart identifizéiert hunn. Sou zielt eis zum Beispill de René Engelmann 1910, d'lëtzebuerger Mondaart wier déi gewéinlech Ëmgangssprooch vun de Beamten, souwéi vun all deejéinegen, déi net wéilten duerch hiren Accent oder Dialekt opfalen a géing doduerch als „Reservesprooch“ benotzt ginn. Ausserdeem seet en:

Das bedürfnis einer gemeinsamen umgangssprache hat hierzulande infolge unserer politischen selbständigkeit und des offiziellen bilinguismus an der hochdeutschen schriftsprache vorbei zur entstehung eine[s] über den lokalmundarten stehenden [gemeinsamen dialects] geführt.

D'Schoulreform vun 1912 huet dunn och de Schüler „de Lëtzebuerger hir Sprooch“ méi no bruecht. D'Fach „Anfangsgründe der Landesgeschichte und Luxemburgisch“ gouf ënnerriicht, an deem sech eng Quasi-Schreifweis erauskristalliséiert huet. Déi vermëttelt Orthographie, och wa se net norméiert war oder tel quel um Programm stoung, gouf zur Norm an huet eng ganz Schülergeneratioun beaflosst. Virun allem en Zitat aus der Aleedung vum Schoulbuch huet de Schüler hiert Verständnis geprägt: Ein Luxemburger ist, wer die Luxemburger Sprache redet. Sou krut d'Lëtzebuergescht duerch d'Schoulreform eng Opwäertung.

Dass d'lëtzebuerger Mondaart mëttlerweil och en Deel vun der Identitéit duerstelle géing, stellt och den Nikolaus Welter 1916 fest:

Unsere Mundart gleicht alle Standesunterschiede aus. Bettler, Arbeiter, Dienstmädchen, Dame, Waschfrau, Beamter, Minister: sie alle reden das liebe Platt und fühlen sich so als gleichberechtigte Angehörige einer großen Familie. Hochdeutsch und Französisch werden also nicht als vornehmer empfunden.

Mat der däitscher Occupatioun am zweete Weltkrich huet sech d'Lëtzebuerger Vollek bekanntlech schwéier gedoen. D'Nazien hunn hir Heim ins Reich-Politik aktiv duerchgezunn, all franséisch oder net-germanesch Aflëss goufen aus der Alldagssprooch verbannt. An där Zäit hunn d'Lëtzebuerger hir Mondaart ëmmer manner als däitsch Variant an ëmmer méi als hir eege Sprooch betruecht. „De Lëtzebuerger hir Sprooch“ huet zesummegeschweesst an ass zënterhier en Deel vun der lëtzebuerger Identitéit.

1941 ass de Gauleiter Simon jo mat senger Personenbestandsaufnahme gescheitert. Am stomme Protest géint d'Heim ins Reich-Politik hunn immens vill Lëtzebuerger op all Nationalitéis- an Idiomefroe mat „lëtzebuergesch“ geäntwert. Sou huet sech d'lëtzebuerger Vollek inoffiziell fir d'Unerkennung vum Lëtzebuergeschen als hir Sprooch ausgeschwat.

No der Befreiung duerch d'Alliéiert hunn d'lëtzebuerger Zeitungen an deenen éischten Deeg ausschliisslech op Lëtzebuergesch geschriwwen. Allerdéngs si si dobäi op Grenze gestouss: Hir Journaliste konnten net gutt genuch Lëtzebuergesch schreiwen an och hir Lieserschaft net genuch Lëtzebuergesch liesen. Dowéinst ass d'Redaktioun no e puer Deeg nees op Franséisch oder op Däitsch gelaf.

Eng juristesch Grondlag schafen

Nom zweete Weltkrich léist d'Lëtzebuergescht a ville Beräicher d'Däitscht of. Ënnert anerem ginn d'Debatten am Parlament op Lëtzebuergesch ofgehal. Gesetzestexter, déi jo bis ewell souwuel op Franséisch wéi och op Däitsch geschriwwe waren, goufen op déi franséisch Versioun reduzéiert an all nei Gesetzer ginn zënter deem just op Franséisch verfaasst.

1946 koum dunn déi alleréischt offiziell Schreifweis vum Lëtzebuergeschen eraus. Déi gouf allerdéngs net wierklech vum Vollek ugeholl. E weidere Versuch ass 1975 mat enger zweeter Orthographie gestart ginn, déi schonn e bësse méi Succès hat, awer net wierklech de gewënschten Effekt erziilt huet.

An den 1970er Joren huet d'Lëtzebuergescht nämlech e klengen „Down“ erlieft. D'Europäesch Communautéiten an d'EWG, déi an där Zäit Institutiounen zu Lëtzebuerg etabléiert an doduerch vill Aarbechtsplazen an d'Land bruecht hunn, hu vum multilinguale Standuert profitéiert. Gläichzäiteg hat d'Stolkris hiren Héichpunkt, wouduerch sech d'Wirtschaftspolitik vum Land radikal geännert huet. An där Zäit huet d'Lëtzebuergescht u Succès verluer. D'Sprooch gouf deelweis als „Relikt aus enger aler Zäit“ bezeechent a war erëm méi als „Baueresprooch“ am Gespréich. Den Avantage vun der Méisproochegkeet gouf erëm entdeckt an eng stur Fixéierung op d'Nationalsprooch als réckschrëttlech betruecht, wuel ënnert anerem aus Angscht virun enger drohender Wirtschaftskris. Souguer déi nei Auteuregeneratioun, zum Beispill de Guy Rewenig oder de Roger Manderscheid, gesäit ëm 1980 an der Sprooch éischter eng kommunikativ Noutwendegkeet, déi keng Weiderentwécklung zouléisst.

Eng kleng Renaissance bréngt d'Sproochegesetz vum 24. Februar 1984, an deem d'Lëtzebuergescht fir déi éischt Kéier als „Nationalsprooch“ ernimmt gëtt. Doriwwer eraus ass d'Lëtzebuergescht, nieft dem Franséischen an dem Däitschen, eng gläichgestallt Verwaltungssprooch. Aus linguistescher Siicht ass dat e grousse Schrëtt. Vill Linguiste wëllen nämlech net alleng d'Decisioun treffen, wat elo offiziell als Sprooch a wat als Varietéit oder Variant gëlle soll. Si schaffe léiwer mat aneren Disziplinnen, wéi zum Beispill dem Droit, zesummen, fir e gemeinsamt Uerteel ze fannen. Deemno erkenne vill Linguisten et un, wann eng Sprooch als „Nationalsprooch“ an engem Gesetz vun engem Land festgeschriwwen ass.

1999 koum dunn déi drëtt – an domat déi rezentst – Rechtschreifreform, wouduerch d'Standardiséierung vun der Schreifweis endlech flächendeckend Uwendung fënnt. An och d'Literaturproduktion gëtt zënter den 90er Joren zolitt ugekurbelt. Duerch déi zwee Aspekter, a Kombinatioun mam Informatiounszäitalter, dee sech ukënnegt, geléngt dem Lëtzebuergeschen eng reegelrecht Renaissance. Nei Phänomener wéi SMS, Chat oder Sozial Netzwierker kommen ervir an och de Lëtzebuerger entdeckt dës neiaarteg Kommunikatiounsmëttel fir sech. Ma och an de Schoule profitéiert ee vun der neier Literatur op lëtzebuergesch. Mëttlerweil ginn en masse Texter a Bicher fir e jonke Public geschiwwen, déi an der Schoul gelies ginn. A wie vun eis "Millennials" ka sech net un déi etlech Jangli-Filmproduktiounen erënneren, déi sou munch nostalgescht Gefill ausléisen?

Perspektive fir d'Zukunft

Vergläiche mir elo d'Entwécklungsgeschicht vun eiser Sprooch mat där vun eisen Noperen, falen eis e puer Saachen op. Mir stinn éischtens nach zimlech vir an eiser Entwécklung, zweetens hu mir eng rasant Evolutioun a knapp annerhallwem Jorhonnert duerchgemaach an drëttens sti mir elo op engem kruziale Punkt: der Standardiséierung. Dobäi musse mir eis ganz genee iwwerleeë, op wat fir eng Manéier mir déi wëlle virundreiwen. Hale mir eis gären un de franséische Modell, wou eng Institutioun penibel genee virgëtt, wéi richteg geschriwwen a geschwat soll ginn? Gi mer den däitsche Wee, deen d'Sprooch analyséiert an éischter mat Commentairë schafft, amplaz mat Virschrëften? Dat si Froen, déi mir eis mussen an Zukunft stellen. Ma dat sinn awer Froe fir en aneren Dag.

You may also like

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.