Home Comment Kulturgeschicht à la Wee2050

Kulturgeschicht à la Wee2050

by Christophe Froehling

De Wee2050 spillt wéi sou oft mam Feier. Ma dës Kéier huet e sech ferm verbrannt. Wann um franséischen Haff op eemol Lëtzebuergesch geschwat gëtt, oder: Wann e Geosproff engem en X fir en U virmécht.

Dass de Wee2050 gäer mam Feier spillt an dacks un der Grenz zur Desinformatioun kraazt, dat ass bei wäitem keng nei Erkenntnis. Ma et géif een awer mengen, dass e Mouvement, dat en Usproch op eng “sachlech Debatt” erhieft, eng Beweegung, vun där en Enseignant Grënner a President ass, sech wéinstens engem Mindestmooss u Sorgfalt verflicht fillt. Deem ass leider net esou, wéi den neiste Bäitrag alt nees ënner Beweis stellt.

Nee, d’Spill mam Feier geet leider weider – zum Leedwiese vun all deenen, déi sech ëm e konstruktiven Diskurs beméien. Dës Kéier behaapt de Wee2050 ouni Schimmt, déi éischt franséisch Kinneken hätten “ouni Zweifel” Lëtzebuergesch geschwat. Souwuel an wéi och ënnert dem Post fënnt een direkt nees eng Panoplie u fälschleche Behaaptungen, falsch ausgeluechter Kausalitéit a konstruéierten Zesummenhäng, déi an hirer Ganzheet d’Sprooch- a Kulturwëssenschaft esou staark verbéien, dass ee scho bal vun engem Knuet ka schwätzen.

Getoppt gëtt dat Ganzt doduerch, dass se déi Behaaptung dem Claude Hagège zouschreiwen. Dobäi rappe si d’Zitat vum renomméierte Linguist völleg aus dem Kontext.

An engem Interview mam franséische Wochemagazin L’Express ass ënnert anerem rieds iwwer d’Hierkonft vun de Regionalsproochen, déi a Frankräich ze fanne sinn. Et gëtt an dësem Kontext ugeholl, de fränkesche Chlodwig hätt zu senger Zäit am 5. Jorhonnert Muselfränkesch beherrscht. Kiert een elo d’Geschicht op ee Koup zesummen, mécht een also aus dem Kinnek vun de Franken direkt e Fransous a verallgemengert een de muselfränkeschen Dialektkontinuum mam Lëtzebuergeschen, da kënnt een anscheinend op déi verkéiert Schlussfolgerung, de franséische Kinnek hätt “ouni Zweifel” (!) am 5. Jorhonnert Lëtzebuergesch geschwat – eng Sprooch, déi sech eréischt 1400 Joer méi spéit aus enger Varietéit  eraus etabléiert huet. Hunn ech ze vill versprach?

Dat ass esou, wéi wann ech géing behaapten, d’Queen Elizabeth II. géif jo u sech Däitsch schwätzen, well d‘Englescht jo deelweis vum Nordwestgermaneschen ofstaamt. D’Stad Lëtzebuerg wier eigentlech d’réimescht Zentrum, well e Réimerwee laanscht gefouert huet. An den David Garrett wier ouni Zweifel Italiener, well en op enger Stradivari spillt.

Beim Wee2050 fënnt een et dann och „iwwerwältegend, mat wat fir enger Opreegung an negativer Energie verschidde Leit op dëse Post reagéieren.“ Weider heescht et: „En normale[] Lëtzebuerger seet dach zu deem Post ‚wow wéi cool‘ oder sou ähnlech“. De Problem, Dir Häre Keup a Kodesch, ass – wéi sou oft – Är geziilt Verbreedung vu falsche Fakten. En onlogescht Verdréinspill mat Wierder, déi aus engem Professer sengem Mond geholl ginn, fir der Verblendung e (pseudo)wëssenschaftlechen Ustrach ze ginn. Wann Dir mat dësem Post erreeche wëllt, dass en normale Lëtzebuerger dorop mat „wow wéi cool“ reagéiert, dann ass dat e programmatescht Virtäuschen vu falschen Tatsaachen. Why am I not surprised?

You may also like

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.