Home Comment Keng Politik mat der Sprooch? – Äntwert op d’Carte Blanche vum Ben Fayot

Keng Politik mat der Sprooch? – Äntwert op d’Carte Blanche vum Ben Fayot

by Christophe Froehling

Brauch eng Sprooch wierklech e politesche Verwaltungsapparat? Dëser Fro geet den LSAP-Politiker Ben Fayot a senger rezenter Carte Blanche um RTL no. Domat reagéiert hien op den neie Gesetzesprojet, deen den Educatiounsminister Claude Meisch zesumme mam Staatssekretär fir Kultur, dem Guy Arendt, virgestallt huet. Et wéilt ee mat der Hëllef vun dëse Mesuren “der Demande vun enger méi staarker Präsenz vun der Lëtzebuerger Sprooch [nokommen]“, heescht et an engem Communiqué. Am Gesetzesprojet sinn ënnert anerem d’Kreatioun vun engem Zenter a gläichzäiteg der Nominatioun vun engem Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch virgesinn. Gläichzäiteg soll en 20-Joer-Aktiounsplang fir d’Fërderung vun der Sprooch zesummegesat ginn.

D’Lëtzebuergescht gëtt scho genuch ënnerstëtzt

De Ben Fayot gëtt ze bedenken, dass et schonn eng Rëtsch ausserpolitesch Acteure gëtt, déi sech aktiv mat der Fërderung a Weiderentwécklung vun eiser Sprooch auserneesetzen. Dobäi gëtt hien d’Institut fir lëtzebuerger Sprooch- a Literaturwëssenschaft (ILSL) op der Uni Lëtzebuerg, de Conseil permanent de la langue luxembourgeoise (CPLL) an d’Nationaalt Sproocheninstitut (INL) als Beispiller un – Institutiounen, déi sech alleguer op hir besonnesch Manéier dem Lëtzebuergesche widmen an eis Sprooch weiderbréngen.

Brauch et also elo wierklech nach e weideren, staatleche Verwaltungsapparat, dee säi Pefferkär an dëst Netzwierk geheie muss? Den Här Fayot ass vun dëser Iddi net immens iwwerzeegt. Hie fënnt: “Dat bescht nämlech, wat enger lieweger Sproch, also och dem Lëtzeburgeschen, passéiere kann, ass, sech frei an ouni politesch Amëschung ze entfalen an durchzesetzen“. A senger Argumentatioun verweist hien nach eng Kéier op dat, wat ech perséinlech gäer “Renaissance vum Lëtzebuergeschen” nennen – kuerz zesummegefaasst: Eiser Sprooch geet et sou gutt wéi scho laang net méi. Nach ni gouf sou vill iwwert si gefuerscht a geschwat.

Sprooch gëtt beaflosst duerch Politik

A ville Punkte ginn ech mam Här Fayot senger Argumentatioun d’accord. Ech ginn es och net midd, fir ëmmer erëm z’ënnersträichen, dass d’Lëtzebuergescht allerspéitstens mat der neister Orthographie vun 1999 eng immens positiv Entwécklung matgemaach huet. Genee sou kann ech ënnerschreiwen, dass eng Sprooch staark vun hirer Communautéit ofhängeg ass. Dat wat d’Sprooch virun allem weiderbrénge kann – an do huelen ech staark un, dem Här Fayot aus dem Häerz ze schwätzen – dat sinn hir Spriecher.

Dat ass awer net deen eenzege Facteur, deen d’Wiese vun enger Sprooch beaflosst. Si evoluéiert dynamesch mat hirem Ëmfeld. Dowéinst ass net just de Spriecher alleng un der Sproochentwécklung bedeelegt. Dacks hunn nämlech grad Acteure wéi d’Gesellschaft, d’Medien, d’Kultur, d’Schoulwiesen an eben och d’Politik ee Wuert matzeschwätzen – mol méi, mol manner bewosst. Deementspriechend ass et generell onméiglech, d’Politik komplett aus der Diskussioun erauszehalen, och wann de politeschen Hannergedanke grad an dësem Dossier oft méi Steng an de Wee leet, wéi dass en hëllefräich wier.

An awer brauche mir d’Politik, fir op d’mannst um institutionellen Niveau Kloerheet ze schafen. D’Sproochegesetz vun 1984 huet dem Lëtzebuergeschen net nëmmen d’rechtlech Legitimatioun ginn, mee och de Wee fräi gemaach, fir sech kënnen iwwerhaapt wiederzeentwéckelen. An och wann et just e kuerzen Text ass, sou gëtt dat Gesetz och de Linguisten d’Méiglechkeet, fir d’Argumentatioun vun enger eegestänneger Sprooch ze festegen. Genee sou huet d’Politik d’Entscheedungsgewalt iwwert d’Aart a Weis, wéi d’Lëtzebuergescht an der Schoul enseignéiert gëtt. Sou musse mir eis leider mat der Politik als “noutwennegt Iwwel” offannen. Mir mussen awer och gläichzäiteg dofir suergen, dass den Dossier Sprooch net zum Affer vun der Willkür vum politeschen Hannergedanke gëtt. D’Politik spillt nu mol hir Roll an der grousser Konstellatioun. Ma sou laang wéi d’Iwwerhand bei aneren Acteure läit, ass dat net weider schlëmm.

Ob déi virgestallte Mesuren elo fërderlech si fir eis Sprooch oder hir éischter schueden, wäert sech an der nächster Zäit erausstellen. Wat sech awer leider elo schonn ofzeechent, dat ass eng kloer Politiséierung, déi fir eng objektiv Fërderung vun der Sprooch absolut hënnerlech ass. Politiker sinn nämlech oft, ähnlech wéi Aktionären, immens schreckhaft. Dat féiert dacks dozou, dass a sou munchem Dossier iwwerstierzt Léisungen implementéiert ginn, déi, iwwert eng laang Siicht gesinn, net esou fërderlech sinn, wéi dat nach am Ufank gewierkt hat. Esou eppes geschitt an der Fuerschung éischter seelen.

Schonn zënter e puer Joer gëtt d’lëtzebuerger Sprooch alt nees geziilt zum politesche Sujet opgeschafft (cf. Nee2015 / Wee2050, ADR, déi Konservativ). An och den 20-Joer-Aktiounsplang, souwéi d’politesch Kreatioun vun engem Zenter an d’Nominatioun vum Kommissär installéieren der Politik weider Entscheedungshiewelen am Parlament, wat dëst Phänomen souguer nach favoriséiere kéint. An och de Faite, dass d’Chamberwahle virun der Dier stinn, verstäerkt dat Ganzt nach eng Kéier.

Keng Politik mat der Sprooch?

Mir befannen eis also den Ament op engem kritesche Punkt an der Weiderentwécklung vun eiser Sprooch. Geschwënn musse mir entscheeden, wat fir e Wee mir an Zukunft wëllen aschloen. Wëlle mir wierklech riskéieren, dass sech d’Politik ze reaktionär an oniwwerluecht an dëse Sujet erastierzt, aus Angscht virum Wielerverloscht? Oder ass eis eng steteg Weiderentwécklung duerch d’Sproochcommunautéit an d’Fuerschung léiwer?

Gëtt dann elo Politik mat der Sprooch gemaach? Leider jo. An domat leeft eis Sprooch séier Gefor, zum Spillball vun Opportunisten ze ginn. Dowéinst ass et wichteg, dass mir eis net ze vill vun der Emotioun leeden, eis net de Bléck duerch eidel Parolen a falsch Argumenter verniwwele loossen. Mir mussen de politeschen Acteure ganz genee op d’Fanger kucken an hannerfroen, wat wierklech fërderlech fir eis Sprooch ass a wat net. Mir mussen eis kloermaachen, dass et ni eng schnell oder einfach Léisung wäert ginn. Virun allem awer musse mir der objektiver Fuerschung Vertraue schenken. Well eppes dierfe mir ni vergiessen: Et goung der lëtzebuerger Sprooch nach ni sou gutt wéi haut.

You may also like

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.