Home Comment #FridaysForFuture – Léif Jugend

#FridaysForFuture – Léif Jugend

by Christophe Froehling

Den Artikel ulauschteren:

 

Léif Jugend,

wat si mir Jonker dach alleguer esou verwinnt! Hu mir dach de Privileg, eis all Mueren an onmoosseg iwwerfëllte Busser an Zich ze quëtschen, déi dacks wäit iwwert eng Stonn uechtert d’Land ënnerwee sinn, fir an d’Schoul ze fueren. Mir dierfen eis éischt Schrëtt an d’Onofhängegkeet mat engem Studente-Prêt feieren – zu de beschte Konditiounen, versteet sech. Eis Eeër ginn, virgeschielt an a praktesche Plastikskëschte verpak, aus Holland ugeliwwert a mir kréien e Kilo Fleesch fir den onschlaagbare Bëllegpräis vun nëmme 4,79 €. Beschwéiere kënne mer eis wierklech net.

A wat gi mer eisen aussergewéinlech generéise Gënner zréck? Nëmme Stress. Aus ganz béiser Expressegkeet eraus ruinéiere mer d’Pabeierindustrie, well mer léiwer Stoffzerwéiten amplaz vum Pabeierpendant benotzen. Mat eiser affrontéierter Arroganz fuerdere mer en anstännege Salaire, mat deem mer eis en Haus aus Avocadotoast zëmmere kënnen. A well mir jo esou wieleresch an eisem Konsumverhale sinn ka keng Marketingagence esou richteg aschätzen, wéi si eis hir sëllech Produiten undréie kann. Mir maachen et der aarmer Industrie awer och wierklech net einfach!

An elo wëllt dir Schüler och nach freides op d’Strooss goen? E Streik wärend der Schoulzäit? Are you mental?!

Anti-Atomkraaft-Demonstranten zu Gorleben, 1977 (AP Archiv)

“Schoul schwänzen? Dat geet jo guer net!”, jéimert do de Biedermann op Facebook – an deen hat jo schonn ëmmer Recht, “Wie soll déi Kënnercher dann iwwerhaapt eescht huelen?”. Sot, amplaz dobausse Präsenz ze weisen, sou wéi dat all aner Beweegung och gemaach huet fir gehéiert ze ginn, wéi wier et da mat engem flotte Bastelprojet an der Schoul? Sou eng schéin, roueg Stillarbeit ganz ouni vill Tamtam. An et brauch een dofir mol net ze schwänzen. Dat wier dach sécher vill méi glaafwierdeg an den RTL géing ganz bestëmmt direkt e Livestream mat fënnef Kameraperspektiven am Klassesall ariichten. Oder wéi wier et, wa mer sonndes demonstréiere géingen? Dir wësst schonn, wann d’Büroen eidel an d’Butteker zou sinn. Mir hätten déi ganz Stad fir eis alleng a mir géife kee mat eisem ongeleeëne Protest stéieren. Dat wier dach genial, fannt der net och? Nee? Hunn ech mer geduet…

Wa Kanner méi verstänneg si wéi Erwuessener

Kaum packe mer et an d’Schlagzeilen, gëtt alt nees opgereegt an d’Flilleke geklappt. Un esou hypokriteschen Aussoe feelt et den Ament net. “Déi solle mol op hire Kobalt-Handy verzichten!”, tippt dann de Captain Oblivious a säi Smartphone. “Dir hätt besser, dir géingt de Bësch botzen!”, hämmert d’Couchpotato an d’Tastatur. Een anere reegt sech op, well en e Jugendleche gesinn huet aus enger Plastiksfläsch drénken. Dass hie selwer grad am Plastik ageschweestent Äerdbier aus Israel a senger Akafstut huet, dat vergësst en da séier.

Mir sinn net op d’Iddi komm, alles duebel an dräifach am Plastik anzepaken. Firwat gëtt eis dann awer op eemol déi voll Responsabilitéit opgedroen? Firwat gëtt eis eng falsch Motivatioun ënnerstallt, wa mir en Zeeche géint den Nonfutismus setze wëllen? Wou bleift den Asaz vun all deenen, déi eis an d’Schäiss geridden hunn?

An awer gëtt un engem Stéck op eis geklappt. Op eis, déi verwinnte Generatiounen, déi kanneresch “Millennials” an déi onerfuere “Generation Z”, déi et kengem recht maache kënnen. Fuere mer zu dräi am Auto ronderëm, well den ëffentlechen Transport vir an hannen net passt, si mer liddereg Näischterten. Klamme mer dann awer an de Bus, blockéiere mer domat den dichtegen Dammen an Hären de Wee op d’Schaff. Hu mer net zu all Thema eng Meenung, feelt eis d’politesch Bildung. Wëlle mer awer politesch aktiv ginn, gëtt sech domm an d’Fauscht gelaacht.

Wie mengt, et wier Ausdrock vun erwuessenem Behuelen, enger Aktivistin d’Legitimitéit nëmmen opgrond vun enger Behënnerung z’entzéien, deen huet näischt verstanen. Dat gëlt genee sou fir dat leidegt Vu-Sech-Selwer-Oflenken, andeems ee mam Fanger op aner Leit weist.

Zesumme si mer staark

Ma nach laang net all Erwuessenen ass esou verbruet. Gottseidank bleift déi grouss Majoritéit dem gesonde Mënscheverstand weiderhin trei an dat éiwegt Gepöbels géint déi jonk Generatioun beschränkt sech gréisstendeels op d’Sozial Medien.

Natierlech dierf et net einfach bei der Demo e Freide bleiwen. Et läit op der Hand, dass no dësem ëffentlechen Optrëtt och nach weider systematesch Aktiounen noutwenneg sinn. Ob de (sécherlech gutt gemengten, mee wierklechkeetsfrieme) Rotschlo “gitt just nach eemol den Dag an d’Dusch” wierklech den Nol op de Kapp trëfft, woen ech awer ze bezweifelen. Iwwerhaapt läit et net just un eis Jonken, d’Ongläichgewiicht ze bewältegen. Jiddereen huet säin Deel dozou bäizedroen, fir dass eis Welt e klengt Stéck besser gëtt.

Ech zéie mäin imaginären Hutt viru jidderengem, dee sech fir den Ëmweltschutz staark mécht. Loosst iech also net vun e puer verstëbste Motzerten iwwert de Mond fueren. Egal ob der 5 oder 86 Joer al sidd: Gitt op d’Strooss a maacht iech bemierkbar. Iwwertéint dat éiwegt Geknouters vun deene Läppercher, déi souwisou iwwerall en Hoer an der Zopp wäerte fannen, an huelt iech dat eraus, wat iech zousteet. Et ass eis Ëmwelt, eis Zukunft an eist Liewen, dat um Spill steet. An do huet keen eis dran ze schwätzen.

You may also like

2 comments

Thomas Frankenbach 19th September 2019 - 14:42

Super Artikel ! Leider musst Daer Aerch warscheinlech op éng Lawin vun schlaumeier-sprëch astellen déi Aerch froen wisou dann keen gestreikt huet elo an der Vakanz, oder wisou se dann awer all en Computer doheem hun oder wisou se dann awer mat an d’Vakanz fléien, an villes méi nach…… wann een gesäit waat all Daag gedeelt gedd un Anti-Greta Posts well “hat jo just éng Marionnett vun séngen Elteren ass” “alles politesch instrumentaliséiert” an an an …. an plaatz dass een einfach en Kand dofir bewonnert dass et den Sujet Emwelt an Nohaltegkeet zu séngem Sujet mecht an … .wéi mer hei gesin – zu eiser Allem Sujet mecht, zwëschen éngem Burgermeeschter deen säin Gaardenhaus renovéiert an dem Amazonas deen monter weiderbrutzelt….. et ass éng verréckten Welt an dank social Media daerfe maer erkennen dass d’Welt esou verréckt ass well all déi, wou monter Comments schreiwen (waat méi anonym, waat méi fräsch) an maer Daerfen eis net wonneren dass en DOnald Trump bejubelt an en Greta verhöhnt gedd. Merci fir Aeren flotten Bäitraag ! 🙂

Reply
Patrick 18th November 2019 - 2:42

MERCI! Dat huet richteg gutt gedoen 👍👏

Reply

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.