Home Languages FAQ: “D’Lëtzebuergescht ass a Gefor, dat seet souguer d’UNESCO”

FAQ: “D’Lëtzebuergescht ass a Gefor, dat seet souguer d’UNESCO”

by Christophe Froehling

Argument: D'UNESCO huet d'Lëtzebuergescht als "vulnerable" agestuuft. Wann dat esou weider geet, gëtt et eis Sprooch geschwënn net méi.

Esou einfach ass dat net: D'Aschätzung vun der UNESCO ass méi komplex wéi et dacks propagéiert gëtt. Et fänkt schonn domat un, dass d'UNESCO d'Lëtzebuergescht net fir sech alleng ënnersicht, mee zesumme mam Muselfränkeschen. Et gëtt also keen Ënnerscheed tëscht dem Muselfränkeschen an dem Lëtzebuergeschen als eegestänneg Sprooch gemaach, wat sech natierlech op d'Resultat auswierkt. Doriwwer eraus schafft d'UNESCO deelweis mat veraalten Datesätz, d'Sproochsituatioun huet sech awer mëttlerweil verännert. Ma och d'Klassifizéierung selwer funktionnéiert no engem System, deen déi besonnesch Méisproochegkeet, wéi se zu Lëtzebuerg existéiert, net consideréiert.

D'Aschätzung vun der UNESCO leeft iwwer insgesamt néng Kritären of. Nieft der Spriecherzuel gëtt zum Beispill och gekuckt, ënnert wat fir engen Ëmstänn d'Sprooch un déi nächst Generatioun weidergi gëtt. D'Spriecherzuel klëmmt zu Lëtzebuerg kontinuéierlech. Genee esou ass festgestallt ginn, dass alleguer d'Lëtzebuerger hir Sprooch un hir Kanner weiderginn (fir ze vergläichen: just 83 % vun de Portugisen am Grand-Duché benotzen doheem Portugisesch als Haaptëmgangssprooch). An deene Punkten kënnt d'Lëtzebuergescht also eigentlech der Kategorie Safe méi no. D'Aschränkungen an der Benotzung sinn u sech den Haaptgrond, firwat eis Sprooch trotzdem ënnert d'Kategorie Vulnerable fält.

Et ass och unzemierken, dass d'Kategorie Vulnerable (also "potentiell ugräifbar", eben net "a Gefor") déi zweethéchst ass, déi eng Sprooch an der sechsstufeger Skala kann erreechen. Dës simpel Skala bitt awer keng Plaz fir méi differenzéiert Beschreiwungen. En anert Beispill: Nom EGIDS vum Ethnologue, enger méi ëmfangräicher Analyse mat méi Ënnerscheedungsméiglechkeeten, gëlt d'Lëtzebuergescht souguer als Institutionaliséiert Standardsprooch (2/5) mam Zousaz Educational (4/13).

>>>> Wien et nach méi genee wëll wëssen, dee ka sech hei méi déif an d'Matière eraliesen. <<<<<

You may also like

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.