Home FAQ FAQ: De Sproocheregime zu Lëtzebuerg

FAQ: De Sproocheregime zu Lëtzebuerg

by Christophe Froehling

[vc_row][vc_column][vc_column_text]

Lëtzebuerg huet keng offiziell Amtssprooch am traditionelle Sënn, mee dräi Landessproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch. Ma laut eisem Sproochegesetz vun 1984 iwwerhuelen déi dräi Landessprooche verschidde Rollen an der Gesellschaft a virum Gesetz. Dës Aufgabeverdeelung leeft dorop eraus, dass et zu Lëtzebuerg faktesch dräi Amtssprooche ginn. E besonnesche Status hunn awer d'Lëtzebuergescht als Nationalsprooch an d'Franséischt als Legislatiounssprooch – dës lescht hält just fest, dass d'Gesetzer op Franséisch verfaasst ginn. Vun där Nuance ofgesinn, ass am Gesetz festgeluecht, dass alleguer d'Landessprooche gläichwäerteg ze behandele sinn.

Den 23. September 2018 gouf zousätzlech e legale Kader ronderëm déi däitsch Gebärdesprooch geschaf, déi zënterhir zu Lëtzebuerg als „Zeechesprooch“ gefouert an unerkannt gëtt. Dëse garantéiert héiergeschiedegten, dafen oder stomme Persounen ënnert anerem d’Recht op en Iwwersetzer am Kontakt mat Administratiounen.

Wat Lëtzebuerg schonn ëmmer gepräägt huet, dat ass seng besonnesch Méisproochegkeet. Anescht wéi an der Schwäiz oder der Belsch, wou et verschidde Regioune ginn, déi ënnert dem Afloss vun enger bestëmmter Sprooch stinn, verdeelt sech eis Méisproochegkeet iwwert de gesamten Territoire. Am Alldag schwätze mir dacks verschidde Sproochen, mir informéieren eis gréisstendeels op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch a ginn allgemeng ganz variabel mat eise Sproochen ëm. Dës Situatioun dréckt sech och am Sproochegesetz aus.

>>> hannescht bei de kompletten FAQ <<<
   

[/vc_column_text][/vc_column][/vc_row][vc_row][vc_column][vc_btn title="HANNESCHT BEI DE KOMPLETTEN FAQ" style="custom" custom_background="#39678c" custom_text="#ffffff" size="lg" align="center" link="url:https%3A%2F%2Fwww.chrisfroehling.de%2Ffaq-letzebuergesch%2F|||"][/vc_column][/vc_row]

You may also like

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.