Home Languages FAQ: Reform vun der Schreifweis

FAQ: Reform vun der Schreifweis

by Christophe Froehling

Eng etabléiert Sprooch zeechent sech duerch eng gewësse Reegelhaftegkeet aus. Spriecher versti sech ënnerteneen, well se sech op grammatesch Reegelen, e gemeinsame Vocabulaire an – wann d’Sprooch verschrëftlecht ass – op eng eenheetlech Schreifweis gëeenegt hunn. Dëse Prozess gëtt och Norméierung genannt. Mam Gesetz iwwert d’Promotioun vun der lëtzebuerger Sprooch krut den CPLL d’Missioun zougeschriwwen, d’Norméierung vum Lëtzebuergeschen ze organiséieren.

Déi (modern) lëtzebuergesch Schreifweis gëtt duerch zwee Reglementer aus de Joren 1975 an 1999 definéiert. 2001 gouf schonn eemol versicht, déi zwee Gesetzestexter mateneen ofzestëmmen, andeems een Inkohärenzen ausbessert, mee et ass just bei engem inoffiziellen Text bliwwen. An och wann zënterhir d’Norméierung vun der Sprooch souwuel direkt wéi och indirekt weidergefouert gëtt, sou huet d’Sprooch eng offiziell Reforméierung batter néideg. Vill orthographesch Fäll si bis haut nach net gekläert an déi aktuell Reglementer widdersprieche sech a verschidde Situatiounen. Aus dësem Grond gëtt den Ament un engem neien Text geschafft, dee sech dësen Onkloerheeten unhëlt.

Zäittafel

2016: Neien Texte coordonné
Den Educatiounsministère beoptraagt en Expert, fir am Kader vum SCRIPT en Texte coordonné auszeschaffen an eventuell Widderspréch, déi aus deenen zwee offiziellen Texter ervirginn, ze identifizéieren. Gläichzäiteg schafft en Aarbechtsgrupp op Initiativ vum LOD Proposen aus, fir Lächer am Reegelwierk ze stoppen. Esou solle Fäll gereegelt ginn, déi bis ewell a kengem vun den Texter virkommen.

Fréijoer / Summer 2017: Synthees
D’Resultater vun den Aarbechtsgruppe ginn dem Conseil virgeluecht an et gëtt eng éischt Synthees gemaach. Véier Experten huele sech dem Text un a ginn hiren Avis,  wouropshin d’Reegelwierk iwwerschafft gëtt.

November 2018: Tëscheversioun a Réckmeldung vun de Spriecher
De Conseil verëffentlecht eng Tëscheversioun op hirem Internetsite, zu där jidderee bis den 31. Januar 2019 eng Réckmeldung kann ofginn. Den Text gëtt opgrond vun den Avise vum Public nach eemol reviséiert.

Abrëll 2019: Masterversioun
Nodeems de Conseil den 20. Mäerz déi zweet Versioun vum Text ugeholl huet, kann d’Masterversioun um Internetsite vum CPLL erofgeluede ginn. D’Dokument soll als Propos verstane ginn. Konkret heescht dat, dass nach jidderee säin Avis un de Conseil riichte kann, dat bis spéitstens den 30. Abrëll.

Wéi geet et elo weider?

De Conseil huet déi endgülteg Fassung vum Text virgestallt. Dat neit Reegelwierk gouf vum Ministère a vum neien Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch offizialiséiert. De facto trëtt déi nei Orthographie de 15. November a Kraaft. LOD a Spellchecker hunn d’Upassunge schonn an hire Repertoire iwwerholl. An enger Iwwergangsphas, déi bis d’Rentrée 2020 dauert, gëlt awer weiderhin déi al Schreifweis fir datt d’Leit net duerchernee ginn a sech lues a lues un déi nei Orthografie gewinne kënnen. Um Internetsite vum CPLL kënnen den offiziellen Text an en Iwwerbléck iwwer d’Ännerunge gratis erofgeluede ginn.

You may also like

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.