Home FT FAQ Lëtzebuergesch

FAQ Lëtzebuergesch

by Christophe Froehling

FAQ Lëtzebuergesch ass en Informatiounsportfolio ronderëm d'lëtzebuerger Sprooch. E setzt sech aus enger Rei u kuerzen Texter zesummen, an deene verschidde Sujetën op eng iwwersiichtlech Manéier behandelt ginn. D'Zil ass et, esou de Sproochendebat ze versachlechen a jidderengem den Zougang zum konstruktiven Austausch z'erméiglechen.

Den FAQ ass an Zesummenaarbecht mat der Community entstanen a soll och an deem Sënn weidergefouert ginn. Schwätzt mat a bedeelegt iech um Austausch. Wann der Verbesserungsvirschléi hutt oder mengt, et géing nach eppes feelen, dann deelt mer et mat.

Inhaltsiwwersiicht

Den FAQ ass a folgend Kategorien ënnerdeelt:

Aktualitéiten 
Hei ginn aktuell Projeten an Entwécklunge ronderëm d’Lëtzebuergescht thematiséiert.

Iwwert d’Sprooch  
Allgemeng Informatiounen iwwert d’lëtzebuerger Sprooch, wéi z.B. d’Sproochgeschicht, d’Entwécklung vun der Orthographie asw.

Acteuren 
Eng Sprooch gëtt duerch verschidden Acteure beaflosst, gereegelt oder ënnersicht. Déi Wichtegst ginn hei virgestallt.

“Tools
E puer Instrumenter, déi eis net nëmmen d’Liewe méi einfach maachen, mee déi och eng wichteg Roll bei der Entwécklung vun der Sprooch anhuelen.

Fërdermoossnamen
Hei ginn eng Rei Mesuren ënnert d’Lupp geholl, déi zur Promotioun vum Lëtzebuergesche bäidroe sollen.

Argumenter
Am Sproochendebat dauchen ëmmer nees bestëmmt Argumenter op. Eng Auswiel vun de geleefegsten Aussoe ginn hei kuerz beschwat an iwwerpréift.

Feelt nach eppes? Deel mer et mat!

De Lëtzebuerger Online Dictionnaire, och bekannt als LOD, ass e méisproochegt lëtzebuerger Wierderbuch, dat vum Conseil fir d’lëtzebuerger Sprooch ausgeschafft a verwalt gëtt. Wéi den Numm et seet, ass den Dictionnaire fir jiddereen online accessibel. Am Ufank huet den Dictionnaire déi franséisch, däitsch a portugisesch Iwwersetzung vum Wuert geliwwert. Mëttlerweil ass Englesch als fënneft Sprooch dobäikomm.

D’Aarbechtsgrupp vum CPLL, déi sech ëm d’Realisatioun vum Dictionnaire këmmert, zielt insgesamt 16 Leit, wouvun der zeng mat der Redaktioun an dem Iwwerliese vun den Artikele chargéiert sinn.

D’Artikele féieren, nieft der Iwwersetzung, och e Beispillsaz aus engem lëtzebuergeschen Textkorpus. Bei Verben an Adjektiver stinn zousätzlech d’Konjugatiouns- an d’Deklinatiounstabellen, déi een iwwert eng Schaltfläch uewe riets erreeche kann. Donieft kann ee sech d’Wuert och virliese loossen – bei Substantiver héiert een souwuel d’Een- wéi och d’Méizuel, Verbe ginn am Infinitiv an an der Perfektform virgelies. Iwwert eng Funktioun kann een och Feedback zu engem Artikel ofginn.

Den LOD gëtt an de Lëtzebuergeschcoursen als Referenz genotzt, ähnlech wéi den Duden fir déi däitsch Sprooch. Et fält op, dass och vill Leit den Dictionnaire benotzen, fir d’Schreifweis vun engem Wuert ze kontrolléieren.

Eng weider LOD-Plattform, déi sech speziell op medezinesch Begrëffer konzentréiert, ass de MED.LOD.

A punkto Orthographie riicht ee sech no der offizieller Schreifweis vun 1999. En Iwwerbléck iwwert d’Rechtschreiwung liwwert d’Plattform e-Orthographie vum LOD. Et kann een unhuelen, dass mat der Reforméierung, déi den Ament an d’Haus steet, eventuell Upassunge wäerte virgeholl ginn.

Aktualitéiten

Hei ginn aktuell Projeten an Entwécklunge ronderëm d'Lëtzebuergescht thematiséiert.

Reform vun der Schreifweis


+++ ABRËLL 2019: MASTERVERSIOUN OP FIR RÉCKMELDUNG VUM PUBLIC +++
Aktuell kënnt dir d’Masterversioun vun der neier Orthographie um Internetsite vum CPLL eroflueden. D’Dokument soll als Propos verstane ginn. Konkret heescht dat, dass de Public nach säin Avis un de Conseil riichte kann a soll,

 dat bis spéitstens den 30. Abrëll 2019
per E-Mail un cpll@cpll.lu


Eng etabléiert Sprooch zeechent sech duerch eng gewësse Reegelhaftegkeet aus. Spriecher versti sech ënnerteneen, well se sech op grammatesch Reegelen, e gemeinsame Vocabulaire an – wann d’Sprooch verschrëftlecht ass – op eng eenheetlech Schreifweis gëeenegt hunn. Dëse Prozess gëtt och Norméierung genannt. Mam Gesetz iwwert d’Promotioun vun der lëtzebuerger Sprooch krut den CPLL d’Missioun zougeschriwwen, d’Norméierung vum Lëtzebuergeschen ze organiséieren.

Déi (modern) lëtzebuergesch Schreifweis gëtt duerch zwee Reglementer aus de Joren 1975 an 1999 definéiert. 2001 gouf schonn eemol versicht, déi zwee Gesetzestexter mateneen ofzestëmmen, andeems een Inkohärenzen ausbessert, mee et ass just bei engem inoffiziellen Text bliwwen. An och wann zënterhir d’Norméierung vun der Sprooch souwuel direkt wéi och indirekt weidergefouert gëtt, sou huet d’Sprooch eng offiziell Reforméierung batter néideg. Vill orthographesch Fäll si bis haut nach net gekläert an déi aktuell Reglementer widdersprieche sech a verschidde Situatiounen. Aus dësem Grond gëtt den Ament un engem neien Text geschafft, dee sech dësen Onkloerheeten unhëlt.

 

Zäittafel

2016: Neien Texte coordonné
Den Educatiounsministère beoptraagt en Expert, fir am Kader vum SCRIPT en Texte coordonné auszeschaffen an eventuell Widderspréch, déi aus deenen zwee offiziellen Texter ervirginn, ze identifizéieren. Gläichzäiteg schafft en Aarbechtsgrupp op Initiativ vum LOD Proposen aus, fir Lächer am Reegelwierk ze stoppen. Esou solle Fäll gereegelt ginn, déi bis ewell a kengem vun den Texter virkommen.

Fréijoer / Summer 2017: Synthees
D’Resultater vun den Aarbechtsgruppe ginn dem Conseil virgeluecht an et gëtt eng éischt Synthees gemaach. Véier Experten huele sech dem Text un a ginn hiren Avis,  wouropshin d’Reegelwierk iwwerschafft gëtt.

November 2018: Tëscheversioun a Réckmeldung vun de Spriecher
De Conseil verëffentlecht eng Tëscheversioun op hirem Internetsite, zu där jidderee bis den 31. Januar 2019 eng Réckmeldung kann ofginn. Den Text gëtt opgrond vun den Avise vum Public nach eemol reviséiert.

 

Wéi geet et elo weider?

Den 20. Mäerz 2019 huet de Conseil déi zweet Versioun vum Text ugeholl. Aktuell ka jiddereen d’Masterversioun um Internetsite vum CPLL eroflueden. D’Dokument soll als Propos verstane ginn. Konkret heescht dat, dass nach jidderee säin Avis un de Conseil riichte kann, dat bis spéitstens den 30. Abrëll 2019 per E-Mail un cpll@cpll.lu.

 

Iwwert d'Sprooch

Allgemeng Informatiounen iwwert d'lëtzebuerger Sprooch, wéi z.B. d'Sproochgeschicht, d'Entwécklung vun der Orthographie asw.

De Sproocheregime zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg huet keng offiziell Amtssprooch am traditionelle Sënn, mee dräi Landessproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch. Ma laut eisem Sproochegesetz vun 1984 iwwerhuelen déi dräi Landessprooche verschidde Rollen an der Gesellschaft a virum Gesetz. Dës Aufgabeverdeelung leeft dorop eraus, dass et zu Lëtzebuerg faktesch dräi Amtssprooche ginn. E besonnesche Status hunn awer d’Lëtzebuergescht als Nationalsprooch an d’Franséischt als Legislatiounssprooch – dës lescht hält just fest, dass d’Gesetzer op Franséisch verfaasst ginn. Vun där Nuance ofgesinn, ass am Gesetz festgeluecht, dass alleguer d’Landessprooche gläichwäerteg ze behandele sinn.

Wat Lëtzebuerg schonn ëmmer gepräägt huet, dat ass seng besonnesch Méisproochegkeet. Anescht wéi an der Schwäiz oder der Belsch, wou et verschidde Regioune ginn, déi ënnert dem Afloss vun enger bestëmmter Sprooch stinn, verdeelt sech eis Méisproochegkeet iwwert de gesamten Territoire. Am Alldag schwätz mir dacks verschidde Sproochen, mir informéieren eis gréisstendeels op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch a ginn allgemeng ganz flexibel mat eise Sproochen ëm. Dës méisproocheg Situatioun dréckt sech och am Sproochegesetz aus.

   

D’Relatioun Muselfränkesch – Lëtzebuergesch

Obschonn den Ursprong vum Lëtzebuergeschen am Muselfränkeschen ze fannen ass, ass d’Muselfränkescht keng direkt Virstuf vum Lëtzebuergeschen.

D’Muselfränkescht ass eng regional Varietéit vum Mëtteldäitschen, déi souwuel an eiser Groussregioun wéi och a Mëtteldäitschland geschwat gëtt. Nach virun 200 Joer gouf um lëtzebuerger Territoire eng Variant dovunner geschwat. Et war eng Mondaart vu villen an huet – wéi d’Tréierescht, d’Eifelescht oder och d’Uewermosellanescht – zu de muselfränkeschen Dialekter gehéiert.

Wou sech zu Lëtzebuerg am Laf vum 19. Jorhonnert lues a lues en Nationalgefill ausgebilt huet, huet sech d’Variant ëmmer méi vum Muselfränkeschen ofgegrenzt. D’Lëtzebuerger hunn et zu “hirer Sprooch” gemaach, andeems si Literatur verfaasst an den Dialekt Stéck fir Stéck standardiséiert hunn. Esou huet sech d’Lëtzebuergescht vum Muselfränkesche geléist, ähnlech wéi sech beispillsweis d’Héichdäitscht vum Westgermanesche geléist huet. Sënnbildlech: Aus dem muselfränkeschen Aascht ass e lëtzebuergeschen Zweig gespross, dee sou lues ufänkt, Blieder ze kréien.

Dat bedeit awer net, dass d’Muselfränkescht synonym mat Lëtzebuergesch ass – dat géif jo fälschlecherweis heeschen, dass a Westmëtteldäitschland Lëtzebuergesch geschwat géing ginn.

Et wier och falsch ze behaapten, d’Muselfränkescht wier eng direkt Virstuf vum Lëtzebuergeschen. D’Entwécklung vun enger Sprooch dréckt sech a Phasen (also direkte Virstufen) aus. Sou huet sech zum Beispill d’Alhéichdäitscht zum Mëttelhéichdäitschen, d’Mëttelhéichdäitscht zum Fréineihéichdäitschen an d’Fréineihéichdäitscht zum Neihéichdäitschen entwéckelt. Haut schwätzt kee méi Alhéichdäitsch, well dës Sproochstuf vum modernen Héichdäitsch ofgeléist gouf. D’Muselfränkescht gouf awer net vum Lëtzebuergeschen ofgeléist, mee d’Lëtzebuergescht huet sech vum Muselfränkesche getrennt. Sou entwéckelt sech d’Lëtzebuergescht getrennt vum Muselfränkesche weider an d’Muselfränkescht getrennt vum Lëtzebuergeschen.

>>>> Méi Informatiounen zur Sproochgeschicht fannt dir hei oder och nach hei. <<<<

D’Sproochgeschicht vum Lëtzebuergeschen

War d’Lëtzebuergescht nach viru gutt 200 Joer eng reng Variatioun vun engem däitschen Dialekt, huet si sech, parallel mat der Entwécklung vum onofhängege lëtzebuerger Staat, zu enger Sprooch entwéckelt.

Den Ursprong vum Lëtzebuergesche léisst sech am Muselfränkesche festmaachen. Heibäi handelt et sech ëm eng däitsch Varietéit, déi sech vum lëtzebuerger Territoire bis a Mëtteldäitschland eran ausbreet a sech dobäi un der Musel orientéiert. D’lëtzebuerger Mondaart war laang Zäit just eng Variatioun ënnert villen anere muselfränkeschen Dialekter. Si stoung ënnert dem Afloss vu sou munch anerer Sprooch, dozou gehéieren zum Beispill eng Rei keltesch Sproochen, d’Wallounescht, divers däitsch Dialekter, d’Jéinescht an natierlech d’Franséischt.

Wéi de moderne lëtzebuerger Staat am 19. Jorhonnert entstanen ass, huet sech simultan e Gemeinschaftsgefill ronderëm d’lëtzebuerger Mondaart entwéckelt. Éischt Literatur gouf verfaasst, gläichzäiteg standardiséiert sech den Dialekt lues a lues. Um Enn vum 19. Jorhonnert ass “ons Sprôch” schlussendlech zu engem Element ginn, dat d’lëtzebuerger Bevëlkerung zesummeschweesst.

Et huet awer nach bis wäit an d’20. Jorhonnert gedauert, bis sech d’Mondaart zur Sprooch standardiséiert huet. Viru Gesetz krut d’Lëtzebuergescht 1984 de Status vun enger Sprooch. De véierte Roman iwwerhaapt op Lëtzebuergesch koum eréischt ee Joer méi spéit eraus.

An deene leschte Joren huet d’Lëtzebuergescht eng Renaissance erlieft. War ee sech nach an de 70er Joren net sou richteg eens, wéi genee d’Zukunft vun der Sprooch soll ausgesinn, gesäit d’Situatioun haut ganz anescht aus. D’Spriecherzuel wiisst kontinuéierlech. De Marché fëllt sech mat Luxemburgensia-Literatur. Genee sou hale sech ëmmer méi Spriecher un eng gemeinsam Orthographie an op der Uni gëtt d’Sprooch aktiv erfuerscht.

>>>> Méi Informatiounen zur Sproochgeschicht fannt dir och hei. <<<<

 

Acteuren

Eng Sprooch gëtt duerch verschidden Acteure beaflosst, gereegelt oder ënnersicht. Déi Wichtegst ginn hei virgestallt.

CPLL – Conseil fir d’lëtzebuerger Sprooch

De Conseil permanent pour la langue luxembourgeoise (CPLL) hëlt wéinst senger Koordinatiounsfunktioun eng wichteg Roll bei der Observatioun an der Entwécklung vun der lëtzebuerger Sprooch an. E gouf 1999 gegrënnt an ënnersteet dem Kultur- an Educatiounsministère, mat deenen en am Austausch steet. Zu sengen Haaptmissiounen zielen de Studium an d’Verbreedung vun der lëtzebuerger Sprooch, souwéi d’Koordinatioun vun den Aarbechten um neie lëtzebuerger Dictionnaire. Am Optrag vun de concernéierte Ministèrë gëtt den CPLL Avisen zu Sproochfroen of. Gläichzäiteg gëtt e Recommandatiounen, wéi een d’Lëtzebuergescht (besser) enseignéiere kann. Fir dësen Aufgabe gerecht ze ginn, schafft de Conseil enk mat aneren Institutiounen zesummen, déi sech mam Lëtzebuergesche befaassen.

Aktuell setzt sech de Conseil aus 11 Memberen zesummen, déi aus ënnerschiddleche Beräicher kommen, an deenen d’Lëtzebuergescht thematiséiert gëtt. Zu de Memberen zielen zum Beispill de bekannten Historiker a Linguist Alain Atten, de Lex Roth vun der Actioun Lëtzebuergesch oder och de Peter Gilles vun der Uni Lëtzebuerg.

Zënter e puer Joer këmmere sech zwou Aarbechtsgruppen (Orthographie, Grammaire) ëm d’Standardiséierung vun der Sprooch. Ee wichtege Schrëtt ass dobäi déi nei Reform vun der Schreifweis, déi den Ament finaliséiert gëtt.

De Conseil huet säi Sëtz am Nationale Literaturzentrum (CNL) zu Miersch.

Actioun Lëtzebuergesch

D’Actioun Lëtzebuergesch (AL) ass eng Asbl, déi am November 1971 an d’Liewe geruff gouf mat der Zilsetzung “fir alles anzetrieden, wat lëtzebuergesch ass, apaart fir eis Sprooch, geschwat a geschriwwen”. Grënnungspresident war de Lex Roth, deen zënter 1998 als Vizepresident agéiert an ënnert anerem an der Kommissioun vum CPLL sëtzt.

D’Associatioun gouf an enger Zäit gegrënnt, an där d’Lëtzebuergescht nach net iwwergräifend am ëffentleche Raum vertruede war. Sou war zum Beispill d’Mass an der Kierch nëmmen op Däitsch an d’Zeitungen hunn an der Reegel op Franséisch oder op Däitsch funktionnéiert. Deemols war ongewëss, wat fir e Wee d’Lëtzebuergescht an Zukunft géing aschloen.

Déi positiv Entwécklung vun der Sprooch ass a ville Beräicher dacks op d’Aarbecht vun der Actioun Lëtzebuergesch zréckzeféieren – mol méi, mol manner direkt. Sou huet d’Associatioun grad bei der Organisatioun vu Sproochcourse Pionéieraarbecht geleescht. E grousse Succès haten awer och hir Virlage fir Gebuerts-, Hochzäits- an Doudesannoncen op Lëtzebuergesch.

Zënter 1984 verdeelt d’AL d’Sëlwerplack “Dicks-Rodange-Lentz” fir besonnesch Verdéngschter ëm d’lëtzebuerger Sprooch.

Aktuell fuerdert d’AL virun allem, dass dem Lëtzebuergeschen eng Plaz an der Constitutioun ageraumt gëtt. Si begréissen, dass d’lëtzebuerger Sprooch am Art. 4 (1) vun der neier Verfassung virgesinn ass: “La langue du Luxembourg est le luxembourgeois. La loi règle l’emploi des langues luxembourgeoise, française et allemande.”

An der Zäit gouf d’Actioun Lëtzebuergesch dofir kritiséiert, datt se resolut un engem antiquéierte Lëtzebuergesch géing festhalen an dobäi vergiesse géif, dass sech eng lieweg Sprooch per Definitioun verännert. Dat géing d’Leit veronsécheren a se dorun hënneren, d’Sprooch fräi ze benotzen.

Vereenzelt Membere si wéinst auslännerfeindleche Remarquen negativ opgefall a goufen doropshin erausgeheit. Zënterhir ënnersträicht d’Actioun Lëtzebuergesch ëmmer nees, dass si sech vun all Ofgrenzungstendenz vis-a-vis vun Net-Lëtzebuerger distanzéiert.

 

"Tools

E puer Instrumenter, déi eis net nëmmen d'Liewe méi einfach maachen, mee déi och eng wichteg Roll bei der Entwécklung vun der Sprooch anhuelen.

LOD.lu – Lëtzebuerger Online Dictionnaire

De Lëtzebuerger Online Dictionnaire, och bekannt als LOD, ass e méisproochegt lëtzebuerger Wierderbuch, dat vum Conseil fir d’lëtzebuerger Sprooch ausgeschafft a verwalt gëtt. Wéi den Numm et seet, ass den Dictionnaire fir jiddereen online accessibel. Am Ufank huet den Dictionnaire déi franséisch, däitsch a portugisesch Iwwersetzung vum Wuert geliwwert. Mëttlerweil ass Englesch als fënneft Sprooch dobäikomm.

D’Aarbechtsgrupp vum CPLL, déi sech ëm d’Realisatioun vum Dictionnaire këmmert, zielt insgesamt 16 Leit, wouvun der zeng mat der Redaktioun an dem Iwwerliese vun den Artikele chargéiert sinn.

D’Artikele féieren, nieft der Iwwersetzung, och e Beispillsaz aus engem lëtzebuergeschen Textkorpus. Bei Verben an Adjektiver stinn zousätzlech d’Konjugatiouns- an d’Deklinatiounstabellen, déi een iwwert eng Schaltfläch uewe riets erreeche kann. Donieft kann ee sech d’Wuert och virliese loossen – bei Substantiver héiert een souwuel d’Een- wéi och d’Méizuel, Verbe ginn am Infinitiv an an der Perfektform virgelies. Iwwert eng Funktioun kann een och Feedback zu engem Artikel ofginn.

Den LOD gëtt an de Lëtzebuergeschcoursen als Referenz genotzt, ähnlech wéi den Duden fir déi däitsch Sprooch. Et fält op, dass och vill Leit den Dictionnaire benotzen, fir d’Schreifweis vun engem Wuert ze kontrolléieren.

Eng weider LOD-Plattform, déi sech speziell op medezinesch Begrëffer konzentréiert, ass de MED.LOD.

A punkto Orthographie riicht ee sech no der offizieller Schreifweis vun 1999. En Iwwerbléck iwwert d’Rechtschreiwung liwwert d’Plattform e-Orthographie vum LOD. Et kann een unhuelen, dass mat der Reforméierung, déi den Ament an d’Haus steet, eventuell Upassunge wäerte virgeholl ginn.

 

Fërdermoossnamen

Hei ginn eng Rei Mesuren ënnert d'Lupp geholl, déi zur Promotioun vum Lëtzebuergesche bäidroe sollen.

Stroossennimm op Lëtzebuergesch

Vill Gemenge ginn hire Stroossen haut scho lëtzebuergesch Nimm, wa se net grad no berühmte Perséinlechkeeten o.ä. benannt sinn:

  • An de Steekaulen, Sandweiler
  • Op der Sterz, Fenteng
  • Am Floss, Dikrech
  • Kräizgaass, Housen

An onzielege Fäll sti souwuel lëtzebuergesch wéi och franséisch Nimm um Schëld.

D’Gestaltung vu Stroosseschëlter ass de Gemengen iwwerlooss. Eng flächendeckend Ëmstellung misst also den Ament iwwert all Gemeng eenzel verlafen – en héichen administrativen, wéi och finanziellen Opwand.

D’Gesetzer op Lëtzebuergesch schreiwen

Argument: Den Artikel 2 vum Sproochegesetz misst geännert ginn, sou dass d’Lëtzebuergescht zur éischter Legislatiounssprooch erkläert gëtt. Soumat mussen alleguer d’Gesetzer op Lëtzebuergesch verfaasst ginn, wat dem Vollek dobäi hëlleft, d’Gesetzer besser ze verstoen.

An der Praxis funktionnéiert dat net: D’Lëtzebuergescht ass nach net wäit genuch entwéckelt. Gesetzer mussen onmëssverständlech kloer sinn. Si dierfe kee Spillraum fir Interpretatioune bidden. Dat heescht och, dass déi Termen, déi gebraucht ginn, eng fixéiert Definitioun mussen hunn. Et kënnt een also net ouni Fachtermini aus.

Huele mer déi däitsch a franséisch Rechtstraditiounen als Beispill. Iwwer Jorhonnerten ewech hu sech an de jeweilege Sprooche sougenannt Funktiolekter entwéckelt – also eng Art Fachjargon, deen aus praktesche Grënn fachspezifesch Begrëffer benotzt. Sou hu sech mat der Zäit etlech Termen erausgebilt, déi e bestëmmt Konzept vermëttelen: Homicide involontaireSursis, Société à responsabilité limitée asw. Alleguer déi Begrëffer si verbonne mat enger spezifescher Definitioun, déi Mëssverständnisser eliminéiere soll. Ma déi Begrëffer huet d’Lëtzebuergescht awer nach net.

Souguer tëscht deene verschidde Sprooche ginn ähnlech Begrëffer mat aneren Tatbestänn verbonnen, ebe well d’Opfaassunge verschidde sinn:

  • Totschlag (dt.) ≠ Totschlag (at.) ≠ Totschlag (ch.)
  • assassinat (fr.) ≠ Mord (dt.)
  • homicide involontaire (fr.) ≠ involontary manslaughter (USA)

Alleng dat géif schonn d’Iwwersetze vun eiser aktueller Rechtslag vum Franséischen an d’Lëtzebuergescht schwéier maachen. Eis Legislatioun wier virun déi onméiglech Erausfuerderung gestallt, a ganz kuerzer Zäit e Funktiolekt mussen ze etabléieren, woufir aner Traditiounen honnerte vu Jore gebraucht hunn. Wann d’Lëtzebuergescht dann och gläichzäiteg als éischtLegislatiounssprooch géing gëllen, dann hätt déi lëtzebuergesch Versioun souguer Virrang virum Franséischen. Mir wiere konfrontéiert mat enger Gesetzgebung, déi iwwert de Knéi gebrach wier, Schlupflächer zouléisst an dowéinst manner transparent wier.

Ënnert dem Stréch géing esou e Schrëtt och net dem Vollek dobäi hëllefen, d’Gesetzer besser ze verstoen. Déi Sprooch, déi an dësem Kosmos geschwat gëtt, huet mat der eigentlecher Ëmgangssprooch wéineg ze dinn. Egal a wat fir engem Fall: De Bierger ass an der Reegel dem Jargon net mächteg. An Däitschland si genee sou vill Bierger mam “Beamtendeutsch” iwwerfuerdert. Dat läit un der komplizéierter Matière, net konkret un der Sprooch.

Natierlech kann een e lëtzebuergesche Fachjargon Stéck fir Stéck opbauen, andeems een ufänkt, Gesetzestexter an d’Lëtzebuergescht ze iwwerdroen. Mee juristesch bannend kënnen a sollen se momentan nach net sinn.

Eng iwwerstierzt Deklaratioun vum Lëtzebuergeschen als éischt Legislatiounssprooch leet eis méi Steng an de Wee wéi dass et eis géif eppes bréngen.

>>>> Weider Ausféierungen zum Thema fannt dir hei. <<<<

Uertschaftsschëlter fir d’éischt op Lëtzebuergesch

Argument: Op Uertschaftsschëlter soll fir d’éischt déi lëtzebuergesch Bezeechnung stoen. Déi däitsch a franséisch Bezeechnung sollen a méi klenger Schrëft drënner gesat ginn.

Der Fërderung vun eiser Sprooch bréngt dat häerzlech wéineg. Och wann d’lëtzebuergesch Bezeechnung op éischter Plaz géing stoen, léiert de Friemsproochler doduerch net automatesch Lëtzebuergesch an et dreift en och net a Lëtzebuergeschcoursen. D’Visibilitéit vun eiser Sprooch gëtt doduerch och net wierklech gestäerkt – schliisslech steet déi lëtzebuergesch Bezeechnung den Ament jo schonn an där nämmlechter Schrëftgréisst um Schëld, genee wéi de Rescht. Et wier also net méi wéi en administrative Geste, dee soss näischt bewierkt wéi Käschten. Déi Sue kéinte mer defintiv fir aner, méi geziilt Mesuren asetzen.

Ännerung op de Schëlter ass net deier / wéineg Opwand

Dat stëmmt esou net. D’Ersetze vun den Agangsschëlter alleng ass scho mat vill Opwand a Käschte verbonnen. Se missten alleguer nei produzéiert an opgestallt ginn. Genee sou gëlt dat awer ë.a. och fir alleguer d’Autobunnsschëlter, Distanzschëlter op Kräizungen a Sortiesschëlter viru Rond-Pointen. Do komme vill nei Schëlter a vill bezuelten Aarbechtsstonnen zesummen.

Baut een dat Ganzt dann nach op déi eenzel Stroosseschëlter aus, bei deenen z.B. eng “Allée St. Christophe” zu enger “Allée St. Christophe Allee” misst gemaach ginn, klammen de Produktiounsopwand an d’Käschte séier an d’Onendlecht. Iwwerleet iech, wéi vill Stroossen et zu Lëtzebuerg ginn an op wéi vill Kräizungen deementspriechend esou Schëlter missten opgestallt ginn. Do kënnt eng Jett zesummen!

Problematesch ass och, dass een alleguer d’Schëlter a ganz kuerzer Zäit misst auswiesselen. Beschëlderunge mussen nämlech kohärent sinn: Wann op eng Uertschaft higewise gëtt, muss déi op all Schëld d’nämmlecht heeschen. Et dierf net op deem enge Schëld “Septfontaines” an op deem anere “Simmer” stoen. Dat féiert zu Verwirrungen am Stroosseverkéier. Sou kann een also net waarden, bis iergendwou e Schëld muss erneiert ginn. Et kann net iwwer déi normal Maintenance oflafen.

Ënnert dem Stréch droe béid Ëmstellunge just minimal zur Visibilitéit bäi, kascht de Steierzueler awer horrend vill Geld. Do géinge souguer méi Reklammen, Gemengeblieder oder Schrëftverkéier op Lëtzebuergesch méi bewierken – alles dat gëtt scho groussflächeg praktizéiert.

D’Schëlter no an no ersetzen

Argument: D’Beschëlderung kann no an no ersat ginn. Wann ee Schëld muss erneiert ginn, gëtt et einfach aktualiséiert. Sou bleiwe just d’Maintenancekäschten.

Sou einfach geet dat leider net. Stroossebeschëlderungen ënnerleie gewësse Richtlinnen. Sou mussen d’Schëlter zum Beispill kohärent sinn. Wann op eng Uertschaft higewise gëtt, muss déi op all Schëld d’nämmlecht heeschen. Et dierf net op deem enge Schëld “Septfontaines” an op deem anere “Simmer” stoen. Dat féiert zu Verwirrungen am Stroosseverkéier. Dofir missten alleguer d’Schëlter mateneen ausgetosch ginn – also héich Méikäschten amplaz vu renge Maintenancekäschten.

Genee sou dierf een net vergiessen, dass esou Schëlter deelweis wierklech immens laang op enger Plaz stinn. Do kann een heiansdo waarde bis Mokuchsdag, bis e Schëld wierklech muss wéinst Maintenance ersat ginn.

Websäiten op Lëtzebuergesch

Argument: Internetsite solle méisproocheg sinn, fir keen ze diskriminéieren. Dozou gehéiert, dass de Contenu muss konsequent op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch (an Englesch / aner Sproochen) accessibel sinn.

Esou Mesure kënne fërderlech sinn, ma d’Ëmsetzung kascht vill Zäit a Geld. An der Theorie kéinte konsequent méisproocheg gefouert Internetsiten effektiv zur Visibilitéit vum Lëtzebuergeschen an der Duerchféierung vun der geliefter Méisproochegkeet bäidroen. Bedenkt awer: Fir kleng Säiten, op deene sech just e puer Informatioune befannen (z.B. Veräiner, Restauranten, Buttéker …), ass dat natierlech méi einfach ze realiséieren wéi fir grouss Säiten, op där masseg Donnéeë stinn, déi och nach Dag fir Dag aktualiséiert musse ginn (z.B. Guichet, Gouvernement, gréisser Gemengen …). An deene leschte Fäll bréicht ee fir all Site eng Ekipp, déi sech ëm d’Iwwersetzung, d’Programmatioun a virun allem d’Aktuellhale vum Contenu këmmert. Dat ass net nëmme mat Käschte verbonnen, mee och mat engem zousätzlechen Aarbechtsopwand. An der Reegel gëlt: Fir all zousätzlech Sprooch verduebelt sech den Opwand – an dee musse sech déi respektiv Servicer och leeschte kënnen.

Vill Internetsiten sinn den Ament och net konzipéiert, fir eng méisproocheg Ëmstellung hannert de Kulissen z’erméiglechen. An der Reegel huet een hei besser, fir komplett nei Säiten ze schafen. Déi mussen da vun engem Grupp realiséiert ginn, wat natierlech och nees kascht. Dofir muss fir d’éischt e Budget festgeluecht ginn, gläichzäiteg muss een all déi üblech Demarchen duerchlafen. Dat alleng ka vill Zäit an Usproch huelen. Gespréicher, an deenen ofgewië gëtt, ob sech esou Schrëtt géife rentéieren, ginn iwwregens reegelméisseg a ville Verwaltungsréit gefouert.

Esou e méisproochege Site ass och net vun haut op muer einfach dohigezaubert. Och hei gëlt: Wat méi Donnéeën ënnerzebrénge sinn, wat ee méi Zäit, Suen an Opwand fir d’Programmatioun opbrénge muss. D’Aarbecht muss duebel an dräifach koordinéiert ginn.

Och wa vill Internetsiten net konsequent méisproocheg sinn, sou ginn et der awer eng Rei, déi op d’mannst zwou Sproochen ubidden, déi vun der Majoritéit vun den Notzer verstane ginn.

Begréissung op Lëtzebuergesch bei der Entrée an d’Land

Argument: Jiddereen, deen iwwert d’Strooss, d’Schinn oder de Fliger an d’Land erakënnt, sollt vun engem Schëld op Lëtzebuergesch begréisst ginn. Dat mécht eis Sprooch méi visibel a verbessert hir Situatioun.

Et ass vläicht e léiwe Geste, dréit awer net zur Fërderung bäi. Et ass natierlech flott fir Touristen, déi sech um Fluchhafen virun engem grousse Schëld mam Message “Moien / Häerzlech wëllkomm zu Lëtzebuerg” kënnen ofliichten, ma d’Situatioun vum Lëtzebuergesche verbessert sech domat net wesentlech. De Friemsproochler leet dat net onbedéngt dozou un, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

Op der Autobunn ass ee séier laanscht esou e Schëld gefuer, ouni wierklech Notiz dovun ze huelen. Wann dir d’Grenz tëscht zwee däitsche Bundeslänner passéiert, steet do ëmmer e Begréissungsschëld. Erënnert iech mol un äre leschte Besuch an Däitschland zréck: Wat steet um Schëld a Richtung Saarland? Wéi gesäit d’Schëld a Rheinland-Pfalz aus? Sidd mol éierlech – wësst dir et nach, ouni kucken ze goen? (Iwwregens bezuelen d’Bundeslänner dacks vill Suen u Marketingsagencen, déi sech fir déi Schëlter e “peppegt” Konzept mat eegenem Sproch a Motiv iwwerleeën.)

Op der Gare trëfft ee vläicht nach éischter op Frontalierstrafic, ma esou en onscheinbart Schëld geet séier an der Routine ënner – virun allem, wann een um Wee fir op d’Aarbecht ass. Et ass zweifelhaft, ob esou en alldeegleche Message de Frontalier dozou ureegt, fir sech op Lëtzebuergesch auszedrécken. Lëtzebuergesch Wierder léiert en doduerch héchstens fënnef.

Alles an allem kann ee roueg esou Begréissungsschëlter opstellen, mee et dierf ee sech net d’Illusioun schafen, dass een domat de Stellewäert vum Lëtzebuergesche verbessert. Sécherlech kann een esou Projete flott realiséieren, mat e bësse Chance mécht een domat souguer e bësse Reklamm fir d’Land. Tatsächlech mussen déi Mesure mol net onbedéngt um nationalen Niveau realiséiert ginn: Fir de Fluchhafen an d’Garen z.B. ass jeweils de Bedreiwer zoustänneg. Eis Sprooch huet vun deem Ganzen awer éischter wéineg. Et wier näischt weider wéi e klengen, léiwe Geste.

 

Argumenter

Am Sproochendebat dauchen ëmmer nees bestëmmt Argumenter op. Eng Auswiel vun de geleefegsten Aussoe ginn hei kuerz beschwat an iwwerpréift.

“An der Stad héiert een ëmmer manner Lëtzebuergesch”

Dat ass vläit wouer, mee an enger Haaptstad net méi wéi normal. An enger Haaptstad konzentréiert sech sämtlechen internationale Betrib – egal ob zu London, Paräis, Berlin oder Lëtzebuerg-Stad. Dowéinst héiert een iwwerall déi ënnerschiddlechst Sproochen. Sou sinn zu London z.B. circa 250 verschidde Sprooche vertrueden, ë.a. Bengalesch, Portugisesch, Polnesch an Hindi/Urdu. Während London awer e puer Milliounen Awunner zielt a sech de Stadkär alleng iwwer 1572 km² ausbreet (also bal sou grouss wéi d’Gutland), dränge sech an eiser Stad circa 116.000 Awunner op knapps 51 km². An awer fannen an eiser Haaptstad all d’Ambassaden hir Plaz. Um Kierchbierg ass den Europäesche Quartier, wou dausende vun internationale Fonctionnaire schaffen. Genee esou hu vill multinational Entreprisen hiren Haaptsëtz an der Stad. Mir kommen do all aus dem ganze Land zesummen – ganz egal wat fir eng Sprooch mir schwätzen. Zugudderlescht ass eis Stad och eng Touristestad. Alles dat versammelt sech op klengstem Raum. Kee Wonner, dass een hei verschidde Sproochen héiert.

>>>> Wéi et ëm de Status vun eiser Sprooch steet, kënnt dir och hei noliesen. <<<<

“Et kann / dierf een néirens méi Lëtzebuergesch schwätzen”

Net onbedéngt. Wien et sech ugewinnt, e Gespréich einfach op Lëtzebuergesch unzefänken, wäert iwwerrascht sinn, wéi gutt een op ville Plaze verstane gëtt. Tatsächlech versti vill Frontalieren, grad am Service, gutt genuch Lëtzebuergesch, fir e Verkafsgespréich ofzewéckelen. Och an anere Secteure beméie sech ëmmer méi Friemsproochler, op Lëtzebuergesch ze kommunizéieren oder op d’mannst mat der Sprooch ëmzegoen. Net fir näischt gëtt et och de sougenannte Congé linguistique, dee Salariéë kënnen huelen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

Natierlech heescht dat net, dass een absolut iwwerall op Leit trëfft, déi sech eiser Sprooch unhuelen. Ma wéi de Lëtzebuerger gäer seet: Froe kascht näischt. A wat e Friemsproochler méi dacks mat esou enger Situatioun konfrontéiert gëtt, wat hie méi encouragéiert gëtt, fir d’Sprooch ze léieren.

>>>> Ee praktescht Beispill zur Visualiséierung fannt dir hei. <<<<

“Eis Sprooch ass vum Ausstierwe bedréit a mir musse se retten”

Nee, definitiv net. Hei just e puer Beispiller:
D’Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft op der Uni Lëtzebuerg befaasst sech zënter 2006 aktiv mat der Erfuerschung vun eiser Sprooch. En aktuelle Projet ass zum Beispill Schnëssen – e Mëttel, mat deem eng Bestandsopnam vum Lëtzebuergesche gemaach soll ginn. D’Fuerschungsaarbecht vum ILSL dréit zur Standardiséierung vun der lëtzebuerger Sprooch bäi a fërdert domat nohalteg hir Entwécklung. Nach virun drësseg Joer war dat just Wonschdenken.

Genee sou gëtt ëmmer méi lëtzebuergeschsproocheg Literatur produzéiert. Luxemburgensia fënnt een an all gutt sortéierter Librairie. De Marché fëllt sech mat Bicher fir all Altersgrupp a Lieserschaft a wiisst kontinuéierlech. Kaum ze gleewen, dass nach viru gutt 33 Joer eréischt dee véierte Roman iwwerhaapt a lëtzebuergescher Sprooch publizéiert gouf!

Ma och an der Konscht méi allgemeng ass d’Lëtzebuergescht verstäerkt vertrueden. Ugefaang bei Filmproduktiounen wéi Rusty Boys, Eng nei Zäit, oder och Doudege Wénkel, eriwwer bei d’Synchronisatiounen, z.B. vun de Simpsons oder dem Klenge Prënz, weider bei d’Kannerfilmer bis hin zur Museksindustrie – an alle Beräicher vun der Konscht trëfft een op talentéiert Leit, déi der Sprooch hire Stempel opdrécken. Ma och Reklammen am Internet, op der Tëlee oder am ëffentleche Raum gi verstäerkt op eng lëtzebuergeschsproocheg Clientèle ausgeriicht.

Tatsächlech huet d’Lëtzebuergescht an deene leschten 20 Joer eng richteg Renaissance erlieft. Duerch d’Informatiounszäitalter gëtt ëmmer méi op Lëtzebuergesch kommunizéiert, sief et a Sozialen Netzwierker, via SMS, per Mail oder op Blogs wéi deem heiten. Mir kontrolléieren eis Orthographie mam Spellchecker, schloe Wierder no beim Lëtzebuerger Online Dictionnaire a mir zerbriechen eis d’Käpp, ob een elo “Ahnung” mat oder ouni h schreift.

An d’Spriecherzuel geet ëmmer weider an d’Luucht. D’Lëtzebuergeschcourse si gutt gefëllt a platzen aus allen Néit. An der Librairie ginn et eng sëllech Léierbicher ze kafen. Ëffentlechkeetscampagnen wéi Schreiwen.lu bréngen de Leit déi lëtzebuerger Grammaire méi no. Vill Employeuren an Employéën erkennen d’Virdeeler, déi d’Beherrsche vum Lëtzebuergesche mat sech bréngen. Probéiert roueg emol, äre Caissier déi nächst Kéier op Lëtzebuergesch unzeschwätzen. Dir wäert iwwerrascht sinn, wéi dacks dir verstane gitt.

D’lëtzebuerger Sprooch stierft also definitiv net aus, am Géigendeel: Si ass nach ni virdru sou vill an an esou ville Beräicher genotzt gi wéi haut. Mir si scho laang um richtege Wee.

>>>> E méi wäit gefaassten Iwwerbléck dozou fannt dir och hei. <<<<

“D’Lëtzebuerger Sprooch ass a Gefor, dat seet souguer d’UNESCO”

Argument: D’UNESCO huet d’Lëtzebuergescht als “vulnerable” agestuuft. Wann dat esou weider geet, gëtt et eis Sprooch geschwënn net méi.

Esou einfach ass dat net: D’Aschätzung vun der UNESCO ass méi komplex wéi et dacks propagéiert gëtt. Et fänkt schonn domat un, dass d’UNESCO d’Lëtzebuergescht net fir sech alleng ënnersicht, mee zesumme mam Muselfränkeschen. Et gëtt also keen Ënnerscheed tëscht dem Muselfränkeschen an dem Lëtzebuergeschen als eegestänneg Sprooch gemaach, wat sech natierlech op d’Resultat auswierkt. Doriwwer eraus schafft d’UNESCO deelweis mat veraalten Datesätz, d’Sproochsituatioun huet sech awer mëttlerweil verännert. Ma och d’Klassifizéierung selwer funktionnéiert no engem System, deen déi besonnesch Méisproochegkeet, wéi se zu Lëtzebuerg existéiert, net consideréiert.

D’Aschätzung vun der UNESCO leeft iwwer insgesamt néng Kritären of. Nieft der Spriecherzuel gëtt zum Beispill och gekuckt, ënnert wat fir engen Ëmstänn d’Sprooch un déi nächst Generatioun weidergi gëtt. D’Spriecherzuel klëmmt zu Lëtzebuerg kontinuéierlech. Genee esou ass festgestallt ginn, dass alleguer d’Lëtzebuerger hir Sprooch un hir Kanner weiderginn (fir ze vergläichen: just 83 % vun de Portugisen am Grand-Duché benotzen doheem Portugisesch als Haaptëmgangssprooch). An deene Punkten kënnt d’Lëtzebuergescht also eigentlech der Kategorie Safe méi no. D’Aschränkungen an der Benotzung sinn u sech den Haaptgrond, firwat eis Sprooch trotzdem ënnert d’Kategorie Vulnerable fält.

Et ass och unzemierken, dass d’Kategorie Vulnerable (also “potentiell ugräifbar”, eben net “a Gefor”) déi zweethéchst ass, déi eng Sprooch an der sechsstufeger Skala kann erreechen. Dës simpel Skala bitt awer keng Plaz fir méi differenzéiert Beschreiwungen. En anert Beispill: Nom EGIDS vum Ethnologue, enger méi ëmfangräicher Analyse mat méi Ënnerscheedungsméiglechkeeten, gëlt d’Lëtzebuergescht souguer als Institutionaliséiert Standardsprooch (2/5) mam Zousaz Educational (4/13).

>>>>> Wien et nach méi genee wëll wëssen, dee ka sech hei méi déif an d’Matière eraliesen. <<<<<

“Eis Sprooch gëtt express frankophoniséiert”

Net onbedéngt. D’Lëtzebuergescht hat schonn ëmmer franséisch Aflëss am Vocabulaire a souguer an der Grammaire. Sou bilde mir zum Beispill d’Steigerung vun Adjektiven nom franséische Virbild (fr. plus vite– lb. méi séier – dt. schneller). Awer och Begrëffer wéi Forschett oder Gare si scho laang Bestanddeel vun eiser Sprooch. Ëmgedréint kéint ee jo och einfach soen, d’Lëtzebuergescht géing express germaniséiert ginn, wa Begrëffer wéi Päiperlek oder Kéiseker zum Schmetterling oder dem Iigel ginn.

Tatsächlech coexistéieren am Lëtzebuergesche vill Bezeechnungen — dat mécht d’Villfalt an d’Flexibilitéit vun eiser Sprooch jo grad eréischt aus: Tëlee – Fernseh | Sortie – Ausgank | Busarrêt – Bushaltestell | Schalimo – Stréihallem …

Eis Sprooch geet immens flexibel mat Varianten ëm. Dat gëtt eis den Ament vum Schnëssen-Projet virun Ae gefouert. Wierder wéi Merci, fëmmen oder organiséieren si scho laang am Lëtzebuergeschen “etabléiert” – deelweis iwwerdroe mir souguer franséisch Wierder an d’Däitscht.

Dat “maache mir awer net express“, mee automatesch. Dës Eegenaarte sinn Deel vun eiser Sprooch a maachen d’Lëtzebuergescht zu deem, wat et haut ass.

You may also like

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.