Home FAQArgumenter FAQ: “Eis Sprooch ass vum Ausstierwe bedréit a mir musse se retten”

FAQ: “Eis Sprooch ass vum Ausstierwe bedréit a mir musse se retten”

by Christophe Froehling

[vc_row][vc_column][vc_column_text]

Nee, definitiv net. Hei just e puer Beispiller:
D’Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft op der Uni Lëtzebuerg befaasst sech zënter 2006 aktiv mat der Erfuerschung vun eiser Sprooch. En aktuelle Projet ass zum Beispill Schnëssen – e Mëttel, mat deem eng Bestandsopnam vum Lëtzebuergesche gemaach soll ginn. D’Fuerschungsaarbecht vum ILSL dréit zur Standardiséierung vun der lëtzebuerger Sprooch bäi a fërdert domat nohalteg hir Entwécklung. Nach virun drësseg Joer war dat just Wonschdenken.

Genee sou gëtt ëmmer méi lëtzebuergeschsproocheg Literatur produzéiert. Luxemburgensia fënnt een an all gutt sortéierter Librairie. De Marché fëllt sech mat Bicher fir all Altersgrupp a Lieserschaft a wiisst kontinuéierlech. Kaum ze gleewen, dass nach viru gutt 33 Joer eréischt dee véierte Roman iwwerhaapt a lëtzebuergescher Sprooch publizéiert gouf!

Ma och an der Konscht méi allgemeng ass d’Lëtzebuergescht verstäerkt vertrueden. Ugefaang bei Filmproduktiounen wéi Rusty Boys, Eng nei Zäit, oder och Doudege Wénkel, eriwwer bei d’Synchronisatiounen, z.B. vun de Simpsons oder dem Klenge Prënz, weider bei d’Kannerfilmer bis hin zur Museksindustrie – an alle Beräicher vun der Konscht trëfft een op talentéiert Leit, déi der Sprooch hire Stempel opdrécken. Awer och Reklammen am Internet, op der Tëlee oder am ëffentleche Raum gi verstäerkt op eng lëtzebuergeschsproocheg Clientèle ausgeriicht.

Tatsächlech huet d’Lëtzebuergescht an deene leschten 20 Joer eng richteg Renaissance erlieft. Duerch d’Informatiounszäitalter gëtt ëmmer méi op Lëtzebuergesch kommunizéiert, sief et a Sozialen Netzwierker, via SMS, per Mail oder op Blogs wéi deem heiten. Mir kontrolléieren eis Orthographie mam Spellchecker, schloe Wierder no beim Lëtzebuerger Online Dictionnaire a mir zerbriechen eis d’Käpp, ob een elo “Ahnung” mat oder ouni h schreift.

An d’Spriecherzuel geet ëmmer weider an d’Luucht. D’Lëtzebuergeschcourse si gutt gefëllt a platzen aus allen Néit. An der Librairie ginn et eng sëllech Léierbicher ze kafen. Ëffentlechkeetscampagnen wéi Schreiwen.lu bréngen de Leit déi lëtzebuerger Grammaire méi no. Vill Employeuren an Employéën erkennen d’Virdeeler, déi d’Beherrsche vum Lëtzebuergesche mat sech bréngen. Probéiert roueg emol, äre Caissier déi nächst Kéier op Lëtzebuergesch unzeschwätzen. Dir wäert iwwerrascht sinn, wéi dacks dir verstane gitt.

D’lëtzebuerger Sprooch stierft also definitiv net aus, am Géigendeel: Si ass nach ni virdru sou vill an an esou ville Beräicher genotzt gi wéi haut. Mir si scho laang um richtege Wee.

>>>> E méi wäit gefaassten Iwwerbléck dozou fannt dir och hei. <<<<

[/vc_column_text][/vc_column][/vc_row][vc_row][vc_column][vc_btn title=”HANNESCHT BEI DE KOMPLETTEN FAQ” style=”custom” custom_background=”#39678c” custom_text=”#ffffff” size=”lg” align=”center” link=”url:https%3A%2F%2Fwww.chrisfroehling.de%2Ffaq-letzebuergesch%2F|||”][/vc_column][/vc_row]

You may also like

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.