Home FAQ FAQ: Gesetzer op Lëtzebuergesch schreiwen

FAQ: Gesetzer op Lëtzebuergesch schreiwen

by Christophe Froehling

[vc_row][vc_column][vc_column_text]

Argument: Den Artikel 2 vum Sproochegesetz misst geännert ginn, sou dass d’Lëtzebuergescht zur éischter Legislatiounssprooch erkläert gëtt. Soumat mussen alleguer d’Gesetzer op Lëtzebuergesch verfaasst ginn, wat dem Vollek dobäi hëlleft, d’Gesetzer besser ze verstoen.

An der Praxis funktionnéiert dat net: D’Lëtzebuergescht ass nach net wäit genuch entwéckelt. Gesetzer mussen onmëssverständlech kloer sinn. Si dierfe kee Spillraum fir Interpretatioune bidden. Dat heescht och, dass déi Termen, déi gebraucht ginn, eng fixéiert Definitioun mussen hunn. Et kënnt een also net ouni Fachtermini aus.

Huele mer déi däitsch a franséisch Rechtstraditiounen als Beispill. Iwwer Jorhonnerten ewech hu sech an de jeweilege Sprooche sougenannt Funktiolekter entwéckelt – also eng Art Fachjargon, deen aus praktesche Grënn fachspezifesch Begrëffer benotzt. Sou hu sech mat der Zäit etlech Termen erausgebilt, déi e bestëmmt Konzept vermëttelen: Homicide involontaireSursis, Société à responsabilité limitée asw. Alleguer déi Begrëffer si verbonne mat enger spezifescher Definitioun, déi Mëssverständnisser eliminéiere soll. Ma déi Begrëffer huet d’Lëtzebuergescht awer nach net.

Souguer tëscht deene verschidde Sprooche ginn ähnlech Begrëffer mat aneren Tatbestänn verbonnen, ebe well d’Opfaassunge verschidde sinn:

  • Totschlag (dt.) ≠ Totschlag (at.) ≠ Totschlag (ch.)
  • assassinat (fr.) ≠ Mord (dt.)
  • homicide involontaire (fr.) ≠ involontary manslaughter (USA)

Alleng dat géif schonn d’Iwwersetze vun eiser aktueller Rechtslag vum Franséischen an d’Lëtzebuergescht schwéier maachen. Eis Legislatioun wier virun déi onméiglech Erausfuerderung gestallt, a ganz kuerzer Zäit e Funktiolekt mussen ze etabléieren, woufir aner Traditiounen honnerte vu Jore gebraucht hunn. Wann d’Lëtzebuergescht dann och gläichzäiteg als éischt Legislatiounssprooch géing gëllen, dann hätt déi lëtzebuergesch Versioun souguer Virrang virum Franséischen. Mir wiere konfrontéiert mat enger Gesetzgebung, déi iwwert de Knéi gebrach wier, Schlupflächer zouléisst an dowéinst manner transparent wier.

Ënnert dem Stréch géing esou e Schrëtt och net dem Vollek dobäi hëllefen, d’Gesetzer besser ze verstoen. Déi Sprooch, déi an dësem Kosmos geschwat gëtt, huet mat der eigentlecher Ëmgangssprooch wéineg ze dinn. Egal a wat fir engem Fall: De Bierger ass an der Reegel dem Jargon net mächteg. An Däitschland si genee sou vill Bierger mam “Beamtendeutsch” iwwerfuerdert. Dat läit un der komplizéierter Matière, net konkret un der Sprooch.

Natierlech kann een e lëtzebuergesche Fachjargon Stéck fir Stéck opbauen, andeems een ufänkt, Gesetzestexter an d’Lëtzebuergescht ze iwwerdroen. Mee juristesch bannend kënnen a sollen se momentan nach net sinn.

Eng iwwerstierzt Deklaratioun vum Lëtzebuergeschen als éischt Legislatiounssprooch leet eis méi Steng an de Wee wéi dass et eis géif eppes bréngen.

>>> Weider Ausféierungen zum Thema fannt dir hei. <<<<

[/vc_column_text][/vc_column][/vc_row][vc_row][vc_column][vc_btn title=”HANNESCHT BEI DE KOMPLETTEN FAQ” style=”custom” custom_background=”#39678c” custom_text=”#ffffff” size=”lg” align=”center” link=”url:https%3A%2F%2Fwww.chrisfroehling.de%2Ffaq-letzebuergesch%2F|||”][/vc_column][/vc_row]

You may also like

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.