Home Dossier Lëtzebuergesch Lëtzebuergesch stierft net aus!
dossier lëtzebuerger sprooch 1

Lëtzebuergesch stierft net aus!

by Christophe Froehling

Vill Leit äusseren an deene leschten Deeg hir Angscht, dass d’lëtzebuerger Sprooch ausstierwe kéint. Dat erkläert och de Succès vum Lucien Welter senger Petitioun. Am éischten Deel vu mengem Dossier zum Thema lëtzebuergesch Sprooch weisen ech, firwat dës Angscht méi wéi onbegrënnt ass.

Do huet de Lucien Welter nawell héich Welle geschloen! Seng Petitioun mam Uleies „Lëtzebuergesch als éischt Amtssprooch an Nationalsprooch gesetzlech fir all Awunner festzeleeën“ huet fir vill Diskussioune ronderëm eis Sprooch, eis Identitéit an eis Multilingualitéit gesuergt. Iwwer 8.000 Ënnerschrëfte koumen alleng an deenen éischte fënnef Deeg zesummen. Dat ass scho bal rekordverdächteg. Allerdéngs gëtt et do e grousse Problem: E gudden Deel vun deene Leit, déi d’Petitioun ënnerschriwwen a gedeelt hu behaapten, dass si Angscht hätten, eis Sprooch kéint ausstierwe, wa mir näischt ënnerhuelen. Si hätten „aus Protest“ oder „aus Prinzip“ ënnerschriwwen. Dass Protestvoten e gewaltege Schued provozéiere kënne, gëtt eis den Ament op eng drastesch Manéier vum Brexit a vun de Wahlresultater aus diversen däitsche Bundeslänner virgefouert. Dat léisst sech gutt op de „Fall 698“ iwwerdroen: D’Petitioun gëtt oft blann ënnerschriwwen, ouni dass sech Leit Gedanken iwwert d’Konsequenze maachen. An engem aneren Artikel hunn ech schonn duergeluecht, firwat d'Fuerderunge vun der Petitioun onrealistesch an onlogesch sinn.

Ganz am Ufank sief nach eng Kéier dorop higewisen, dass ech op kee Fall wëll d’Onwuelsinn oder d’Bedenke vun de Leit direkt als nationalistesch oder rassistesch ofstempelen. Ech versti ganz gutt, dass et an engem ongewinnt klenge multilingualen Ëmfeld dacks net einfach ass, sech honnertprozenteg wuelzefillen. Mat dësem Artikel wëll ech einfach just deene Leit, déi fäerten dass d’lëtzebuerger Sprooch an den Eck gedréckt gëtt, weisen dass si keng Angscht mussen hunn. An engem zweete Schrëtt iwwerleeë mir zesummen, wéi mir eis Sprooch kënne weiderentwéckelen.

Panik an Angscht vu ville Säiten

Lo kann ee sech natierlech froen, wat dann d’Ursaache vun deenen Ängscht kéinte sinn. Nieft de lëtzebuergesche Medie spillen an dësem konkrete Fall de Lucien Welter, awer och eng ëmstridde Facebook-Gruppéierung mam Numm „Nee2015.lu“ eng grouss Roll. Dës lescht huet nämlech eng grouss PR-Aktioun iwwer Facebook lafe gelooss. Si huet geziilt Reklammen op Facebook schalte gelooss, an deenen ënnert anerem de Link mam Sproch „Ënnerstëtzt d’Petitioun fir eis Sprooch!“ grouss a Szen gesat gouf. An de Kommentarleeschte vun de Medienartikelen, déi sech mat der Petitioun auserneesetzen äussere si sech dacks selwer:

lëtzebuerger sprooch nee2015

De Grupp Nee2015.lu verbreet geziilt d'Angscht, dass eis lëtzebuerger Sprooch vum Ausstierwe bedréit wier.

Dee Kommentar steet exemplaresch fir d’Aart a Weis, wéi de Leit Angscht gemaach gëtt. Et gëtt behaapt, dass d’Presenz vun der Sprooch staark ofgeholl hätt an dass ee sech misst Gedanken iwwert d’Zukunft maachen. Dass dat awer net de Fall ass, wäert ech an dësem Artikel beweisen. Fir d’éischt wollt ech awer nach op de Lucien Welter ze schwätze kommen. Dee fënnt do souguer nach méi däitlech Wierder:

lëtzebuerger Sprooch Lucien Welter

De Lucien Welter gëtt net midd, den Ënnergang vun der lëtzebuerger Sprooch ze betounen. D'Lëtzebuergescht wier elo schonn zum Doud veruerteelt.

Eis Sprooch wier „zoum Doud verurdéelt [sic!]“, wat ee bei engem Kommentar mat esou villen orthographesche Feeler jo scho bal selwer gleeft. Nach derbäi geheit en dem Premier Xavier Bettel vir, eng frankophon Agenda ze bedreiwen, andeems e jo wéilt d’Franséischt zu Lëtzebuerg als eng vun den Haaptsproochen aféieren. Dat wuelgemierkt ouni Begrënnung, ouni Quell an ouni ze erklären, u wat hien dat festmécht. (Ech gi mol kuerz op meng Terrasse mäi Frust erausjäizen.)

Keep calm and think twice

Elo komme mer awer zum eigentlechen Zweck vun dësem Artikel. Ech géif gär déi Leit berouegen, déi Angscht hunn, dass eis schéi Sprooch kéint verluer goen, an hinne weisen, dass si sech keng Gedanke maache mussen. Well et ass eben e Fakt, dass wann ee Mënsch seng Decisiounen op der Basis vun der Angscht trëfft, en net wierklech capabel ass, an deem Zoustand reflektéiert a wäitsiichteg Iwwerleeungen unzestreben. Eréischt wa mir eis net méi vu populisteschen oder onbegrënnte, schlecht recherchéierten Aussoe beaflosse loossen, si mer entspaant genuch, fir d’Ëmsetzung vun eisem Uleies ze organiséieren. Dowéinst leet äre Kapp a Rou, liest iech dat hei gemittlech duerch an an deem nächsten Deel vum Dossier kënne mer dann zesumme kucken, wat mir gemeinsam kënne maache, fir dass eis Sprooch sech laangfristeg weiderentwéckele kann.

"D'lëtzebuerger Sprooch gëtt ëmmer manner geschwat"

Vun Zäit zu Zäit liest een alt mol erëm esou een Artikel. D’Wort zum Beispill huet sech do schonn e klenge Patzer geleescht. Huet et nach 2012 an 2013 euphoresch geheescht, dass ëmmer méi Lëtzebuergesch geschwat géing ginn, heescht et op eemol 2015 wéinst enger ähnlech suspekter Petitioun wéi där vum Lucien Welter, d’lëtzebuerger Sprooch wier „verdaamt“. Heescht dat dann elo, dass eis schéi Sprooch geschwënn aus dem leschte Lach päift?

Definitiv net. Eng rezent Analys vum STATEC an der UNI.lu huet erginn, dass 79,5% vun de SchülerInne Lëtzebuergesch an der Schoul schwätzen. Gläichzäiteg benotze 60,5% vun de Beruffstätege Lëtzebuergesch op hirer Aarbecht. Souguer no den UNESCO-Zuele gehéiert Lëtzebuergesch net méi an d’Kategorie vun den „eeschthaft vum Ausstierwe bedreete Sproochen“. D’Spriecherzuele ginn nämlech all Joer noweislech an d’Luucht, sou dass d'UNESCO hir Meenung revidéiert an hir Aschätzungen nei bewäert huet. Dowéinst huet d'Organisatioun 2011 an engem Joer d'Spriecherzuel vun 300.000 op 390.000 eropgesat.

Dat huet bestëmmt och domadder ze dinn, dass duerch Sozial Netzwierker am Internet ëmmer méi Lëtzebuergesch geschriwwe gëtt. Hätt een nach virun 12 Joer d’Leit gefrot, ob se kéinten e klenge Message op Lëtzebuergesch schreiwen, hätt sech e gudden Deel ze vill virdru geschummt. Mat héichroudem Kapp hätte s’engem agestanen, dass se kee richtegt Lëtzebuergesch kéinte schreiwen. Haut ginn Dag fir Dag Artikelen online gesat, säitelaang Kommentarer geschriwwen, dausenden an dausende vu Statusmeldunge gepost – an dat alles an eiser Sprooch. Duerch dee Kontakt, dee mir elo reegelméisseg mat eiser Sprooch hunn, taaschte mir eis lues a lues un eng gemeinsam Schreifweis erun. Är Kanner, eis Kanner, deenen hir Kanner wäerten nach éischter Übung a Sécherheet am Schreiwe kréie, well dir a mir et hinne kënne bäibréngen.

Och am ëffentleche Raum gëtt een ëmmer méi mat der lëtzebuerger Sprooch konfrontéiert. Reklammen um Internet lafe schonn zënter e puer Joer op Lëtzebuergesch, souwuel schrëftlech wéi mëndlech. Souguer wann ech an Däitschland ënnerwee sinn, gi mer Annoncen op Lëtzebuergesch gewisen. Gutt, dat seet eis elo virun allem, dass Google erschreckend gutt iwwert mech Bescheed weess, mee dat ass en Thema fir eng aner Kéier. Wourop ech eigentlech eraus wëll, ass dat: Wann op ärer Rechnung „Äddi a villmols merci“ steet, wann de Cora an den Aldi an hir Sortie e gigantescht Schëld mat „Moien“ an „Äddi a bis geschwënn“ an de Buedem gerammt hunn, wann op eemol um Stroosseschëld „Op de Pëtzen“ oder „Schlasswee“ steet, da kann eis Sprooch jo wuel net zum Doud veruerteelt sinn. Wann een zu Heidelberg an déi grouss Unisbibliothéik erageet, gëtt ee vun engem Bildschierm an alle méigleche Sprooche begréisst. Lo rot emol, wat fir eng Sprooch do Erwänung fënnt. Genee. Do steet a grousse Buschtawen „Häerzlech wëllkomm“. Souguer de Google Iwwersetzer gleeft un d’lëtzebuerger Sprooch, soss géif e jo kaum déi Rubrik fir Iwwersetzungen ubidden.

Lëtzebuergesch ass um gudde Wee, sech eng sécher Positioun an eiser multilingualer Gesellschaft ze garantéieren. Kuckt iech mol just déi heite STATEC-Graphiken un. Gefrot gouf iwwregens no der Haaptsprooch.

Fir déi Leit, déi sech ploe mussen, fir d'Kaarten op hirem Handy ze liesen, hei eng kuerz Zesummefaassung: Lëtzebuergesch dominéiert däitlech virum Franséischen an dem Däitschen, muss awer an de Grenzregiounen an a vereenzelte Gemengen u Buedem ofginn.

Iwwregens: Wousst der schonn, dass der kënnt Lëtzebuergesch studéieren?

"An der Stad héiert een ëmmer manner Lëtzebuergesch"

Dat ass vläit wouer, mee dat ass awer och net méi wéi normal. D’Stad Lëtzebuerg ass eis Haaptstad. Do stinn all d’Ambassaden. Um Kierchbierg ass den Europäesche Quartier, wou dausende vun internationale Fonctionnaire wunnen a schaffen. An der Stad stinn ënnert anerem d’Europaschoul an d’International School of Luxembourg, an deenen d’SchülerInnen an deenen ënnerschiddlechste Sproochen ënnerriicht (musse) ginn. Do hunn honnerte vun internationalen Entreprise hiren Haaptsëtz. Mir kommen do all aus dem ganze Land zesummen – egal wat fir eng Sprooch mir schwätzen – fir ze feieren, fir ze shoppen, fir ze schaffen, fir d’Sonn (oder de Reen) ze genéissen, jee souguer fir Pokémon GO ze spillen. A wann et och nëmme fir d’Fouer ass: An eiser Haaptstad pulséiert d’Liewen. Zu gudder Läscht ass d’Stad och eng Touristestad. Wee schonn eng Kéier zu Heidelberg ënnerwee war weess, wat dat kann heeschen. Probéiert do mol matzen an der Haaptsaison e Kaffi ze bestellen, ier all d’Amerikaner iech froe, wat „Marzipan“, „Kuchen“ oder „Schinken-Käse-Brötchen“ heescht.

Bref: Dir kënnt an egal wat fir eng europäesch Haaptstad reesen an är Oueren opspären – dir wäert iwwerall e Mischmasch u Sproochen héieren. Egal ob Bréissel, Berlin, Paräis, Lissabon, London, Prag, jo souguer Wien (vun der Schwäiz mol nët ze schwätzen!) – eng Haaptstad ass ëmmer – jo scho bal par définition obligatoresch – international a multikulturell.

"D'Frontalieren blockéieren eis mat hire Sproochen"

Dat eenzegt, wat d’Frontaliere blockéieren, dat sinn eis Stroossen – an och dofir kënne se net. Wat aus den Diskussiounen op Facebook oft erauskënnt, ass dass e gudden Deel vun de Frontalieren eis Sprooch souguer „schéin“ oder „léif“ fënnt an eise Schrëtt fir méi Opmierksamkeet ënnerstëtzt. Ech kenne genuch Frontalieren, déi sech vu ganzem Häerz beméien, mat eis op Lëtzebuergesch ze schwätzen. Dozou gehéieren iwwregens souwuel Däitscher wéi och Fransousen. Bon, ee Belsch ass och nach derbäi. A wann et och nëmmen einfach Sätz sinn: de Wëllen ass do. An esou Fäll musse mir hinnen och entgéint kommen. Wa si sech schumme, well se mengen, dass mir si géingen auslaache, wa se Feeler soen, ass et normal, dass si et an Zukunft net méi sou dacks wäerte probéieren. Dat gëllt iwwregens och am ëmgedréinte Fall.

Iwwregens kenne vill Frontalieren, déi net nëmmen hei schaffen, mee och hei hire Feierowend verbréngen, d’Virdeeler, déi d’Beherrsche vun der lëtzebuerger Sprooch mat sech bréngt. Oft soe se, dass mir Lëtzebuerger d’Tendenz hunn, anescht mat hinnen ëmzegoe, wa se kee Lëtzebuergesch schwätzen. Mir wieren net sou häerzlech a si hätten d’Gefill, mir géingen eis hinnen net esou uvertraue wéi anere Leit.

Fun fact: Grad an deem Moment, wou ech deen heiten Abschnitt fäerdeg geschriwwen hunn, huet Michel Greco bei mir un der Dier geschellt. De frankophone Mann huet mat mir Lëtzebuergesch geschwat. Wéi den Zoufall et wëll…

"D'Frontalieren an d'Auslänner wëlle kee Lëtzebuergesch léieren"

Dëser Ausso stinn iwwer 4.000 Umellunge fir Lëtzebuergeschkuere beim Nationale Sproocheninstitut entgéint. Kuckt iech mol just alleng d'Aschreiwunge fir dësen Hierscht un. Déi meescht Kuere si komplett gefëllt an et si just nach e puer Plaze fräi. Souguer op der Uni Saarbrécken oder an der VHS Tréier gi Kueren ugebueden. Oder liest iech deen heiten Artikel vum Deutschlandfunk iwwert d'Sproochekueren duerch. Den Interessi un der lëtzebuerger Sprooch ass wierklech scho laang do. An d'Offere ginn och zolitt genotzt. Ass iech schonn eng Kéier opgefall, dass am Cactus ëmmer méi VerkeeferInne Lëtzebuergesch schwätzen? Dat läit dorun, dass sech de Supermarché dofir staark mécht, dass hir Employéë Lëtzebuergeschkuere besichen. Dokteren, Therapeuten, Infirmieren, Bäckeren (fir d'FeministInnen ënnert iech: ech hunn hei just der Iwwersiichtlechkeet hallwer déi männlech Beruffsbezeechnung geholl 😉 ) sinn der Meenung, et gehéiert "zum respektvolle Mateneen", Lëtzebuergesch ze schwätzen. Vill Frontaliere soe souguer vu sech aus, dass si Lëtzebuergesch léiere wëllen, well si sech doduercher entweder e Virdeel um Aarbechtsmarché, méi Autonomie oder en aneren Ëmgang mat de Lëtzebuerger verspriechen.

Long story short: Et ass nach keng Zopp sou waarm giess gi wéi se gekacht gouf

Alles an allem hoffen ech, dass dir iech no dësen Zeilen e bësse berouege konnt. Dir gesitt: Et ass alles hallef sou schlëmm. D’lëtzebuerger Sprooch stierft definitiv net aus, am Géigendeel: Si ass nach ni virdru sou vill genotzt gi wéi haut. Vergiesst net, dass d’Chamber zäitweis just op Franséisch ofgehale gouf. Déi Zäiten hu mer scho laang hannert eis. Mir si scho laang um richtege Wee. Maacht iech mol einfach en Téi oder eng Zopp (d’Saison ass jo lo geschwënn erëm un) an iwwerleet mol, jidderee fir sech, wéi een eis schéi Sprooch wierklech ka fërderen. An dann, wa mer da rëm alleguer e klore Kapp hunn, maache mer eis zesummen un de Brainstorming.

Interessant Linken zum Thema:

Wie sech wëll iwwert d'lëtzebuerger Sprooch informéieren, oder kucke wëll, wéi esou ee Lëtzebuergeschtest iwwerhaapt ofleeft, as hei un der richteger Adress:

http://www.insl.lu/Francais/page3/p3frame.htm

Hei dann nach e puer Resultater an Analyse vum STATEC zu dësem Thema:

http://www.statistiques.public.lu/fr/actualites/population/population/2016/04/20160428/index.html
http://www.statistiques.public.lu/catalogue-publications/regards/2016/PDF-10-2016.pdf
http://www.statistiques.public.lu/catalogue-publications/RP2011-premiers-resultats/2013/17-13-FR.pdf

Firwat d'UNESCO mat hirer Aschätzung falsch läit, huet d'Uni Lëtzebuerg zesumme mam Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises an engem Statement zesummegefaasst:

http://infolux.uni.lu/25-joer-nom-sproochegesetz-ass-eis-sprooch-net-a-gefor/

An hei nach en informativen Artikel doriwwer wéi eis eemoleg Sproochesituatioun am Ausland ukënnt:

http://www.tagesspiegel.de/wissen/mehrsprachigkeit-in-luxemburg-einfach-drauflosreden/12605634.html

You may also like

2 comments

CHRISTIAN 17th September 2016 - 23:11

Insl, daat as dach den lëtzebuergeschen Site exclusiv op franséisch wou een sech och kann umellen fir lëtzebuergesch zr léieren…

Reply
chris.froehling 19th September 2016 - 23:16

Du kanns dech gär mam Admin vum INSL-Internetsite a Kontakt setzen an en drop uschwätzen. Vläit froe si jo dann en ausgebilte Lëtzebuergeschformateur (http://www.insl.lu/Francais/page7/p7frame.htm), ob en Zäit hätt, de Site ze iwwersetzen.

Reply

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.