Home LB Coronavirus: Keep calm and carry on

Coronavirus: Keep calm and carry on

by Christophe Froehling

D’Situatioun ronderëm de COVID-19 ass eescht, dat misst elo mëttlerweil jidderengem bewosst sinn. Dat heescht awer nach laang net, dass elo alles zugronn geet. Et gëtt kee Grond zur Panik. Wat elo zielt ass, dass mir dës Erausfuerderung mat engem klore Kapp uginn.

Jidder eenzele vun eis huet elo eng grouss Verantwortung. All eis Decisiounen, déi mir an nächster Zäit treffen, wäerten en direkten Afloss op den Ausgang vun dëser Kris hunn. Haalt iech also onbedéngt un d’Uweisungen, déi vun offizieller Säit festgeluecht ginn. Evitéiert gréisser Usammlunge vu Mënschen a bleift waméiglech doheem (cf. Social Distancing). Gräift de Leit ënnert d’Äerm, wa se Hëllef brauchen. A virun allem: Verhaalt iech sozial a rational!

Leider sinn och immens vill Falschinformatiounen am Ëmlaf a selwerernannten Experte schéissen aus dem Buedem wéi Onkraut. Dowéinst gëlt et ëmsou méi, alles wat ee liest kritesch ze hannerfroen an z’iwwerpréiwen. Checkt är Fakten an iwwerleet gutt, ier der Informatiounen deelt.

Ech weess, dass all déi Aschränkungen, déi de Coronavirus mat sech bréngt, frustréieren a mat grousser Enttäuschung verbonne kënne sinn. Meng Frëndin hätt zum Beispill sollte leschte Freiden hiren Diplom kréien. D’Zeremonie gouf am allerleschte Moment ofgesot. An ech si mir sécher, jidderee vun eis huet seng perséinlech Corona-Story.

Mee et ass elo un der Zäit, dass mir fireneen do sinn. An dat net nëmmen andeems mer den Infektiounstaux reduzéieren, mee och am Bezuch op de sozio-ekonomeschen Impakt, deen dës Kris op Leit kéint hunn, déi esou eng Situatioun nëmme schwéier verkraaften.

Jo, et wäerte schwéier Wochen op eis duer kommen. Mee wa mir alleguer e kille Kapp behalen, eis un d’Reegelen halen a Solidaritéit un den Dag leeën, da gi mer dësem Virus Meeschter. Zesumme packe mir dat!

Stay safe, bleift gesond a virun allem: #BleiftDoheem

You may also like

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.